Fluchbegleeder wiere sechLufthansa och e Mëttwoch an Donneschdeg vu Streike betraff

RTL mat AFP
No de Pilote streikt elo och d'Kabinnepersonal bei der Lufthansa, wat um Mëttwoch an Donneschdeg fir weider Ënnerbriechungen am däitsche Fluchverkéier suerge wäert.
De Streik soll um Hallefnuecht ufänken a schléisst sech deemno direkt un dee vun de Pilote vun e Méindeg an en Dënschdeg un.
© ALEXANDRA BEIER/AFP

Nodeems d’Pilote vun der Lufthansa mat Streiken déi lescht Deeg fir gréissere Chaos am däitsche Fluchverkéier gesuergt hunn, kënnt et um Mëttwoch an Donneschdeg zu weideren Ënnerbriechungen. D’Kabinnepersonal manifestéiert déi zwee Deeg, sou datt viraussiichtlech all Lufthansa-Flich vu Frankfurt a München ausfalen, sou wéi och d’Flich vun der Duechter-Airline Cityline vu Frankfurt, München, Hamburg, Bremen, Stuttgart, Köln, Düsseldorf, Berlin an Hannover.

De Streik soll um Hallefnuecht ufänken a schléisst sech deemno direkt un dee vun de Pilote vun e Méindeg an en Dënschdeg un.

D’Gewerkschaft vum Kabinnepersonal vertrëtt eng 18.000 Employéeën a setzt sech mam Streik fir besser Aarbechtszäite bei der Lufthansa an. Bei Cityline geet et iwwerdeems ëm e Sozialplang fir ronn 800 Mataarbechter, déi d’nächst Joer kéinten hier Aarbecht verléieren, wann de Betrib vun der d’Duerchter-Airline agestallt gëtt.

Ob och Vollen op Lëtzebuerg vum Streik affektéiert sinn, ass um Méindeg den Owend nach net kloer.

Back to Top
CIM LOGO