Annulatiounen a RetardenD'Pilote vun der Lufthansa streike Méindeg an Dënschdeg – och Flich zu Lëtzebuerg betraff

AFP, iwwersat vun RTL
D'Pilote-Gewerkschaft Cockpit stécht aktuell mat der Lufthansa an engem Sträit ëm d'Pensiounen.

Den däitsche Fluchverkéier wäert e Méindeg an en Dënschdeg nëmme ganz ageschränkt funktionéieren. D'Pilote vun der Lufthansa wäerten op béiden Deeg streiken. Nieft der Lufthansa selwer sinn och d'Cargo-Airline "Cargo" an d'Duechter-Airline "Cityline" vum Streik betraff , grad ewéi Eurowings. Flich an den Noen Oste wäerten net vum Streik betraff sinn. D'Passagéier musse mat villen Annulatiounen a Retarden rechnen. Virop bei Kuerzstrecken.

Hannergrond vum Streik ass e Sträit tëscht der Pilote-Gewerkschaft "Vereinigung Cockpit" an der Lufthansa. Dem Syndikat geet et ëm eng Zousazpensioun am Betrib an och ëm en neie Kollektivvertrag. Béides wär aktuell net virgesi bei de Fluchgesellschaften. D'Lufthansa-Direktioun kritiséiert d'gewerkschaftlech Mesure an der däitscher Press schaarf. Et wär en neien Niveau vun Eskalatioun.

Och Lëtzebuerg nees vum Streik betraff

Flich vu Frankfurt a München op Lëtzebuerg si schonn ofgesot. Dat selwecht gëllt da fir Flich op dës Destinatiounen.

Back to Top
CIM LOGO