EU Kids ActKeng sozial Medien ënner 13, keng perséinlech Profiller ënner 15 Joer

Claudia Kollwelter
Digital Servicer mussen an Zukunft méi staark op d’Bedierfnesser an de Schutz vu Mannerjäregen ausgeriicht ginn. D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet den EU Kids Act am Detail presentéiert.
Den Zougang zu Soziale Medie gëtt an der EU fir Kanner ënner 13 Joer verbueden.
Den Zougang zu Soziale Medie gëtt an der EU fir Kanner ënner 13 Joer verbueden.
© FADEL SENNA/AFP

Sozial Medie fir Kanner ënner 13 Joer wäerte komplett verbuede ginn. Tëscht 13 a 15 Joer soll et sougenannt Mini-Konte ginn, déi vun den Eltere geréiert ginn an op maximal eng Stonn Consommatioun den Dag limitéiert sinn. D’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat dat schonn e Mëttwoch bei hirer Ried zur Lag vun der Union annoncéiert. En Donneschdeg gouf de sougenannten EU Kids Act vun der europäescher Kommissioun am Detail presentéiert.

Nieft de soziale Medie sinn och Videoplattformen, Online-Spiller a KI-Chatbots mat den neie Reegele viséiert. D’Plattforme sollen den Alter vun de Usere besser préiwen, Funktiounen, déi Sucht fërderen, méi staark begrenzen an de Schutz vu perséinlechen Donnéeë respektéieren.

D’Kommissioun wëll och géint Funktioune virgoen, déi speziell dorop ausgeriicht sinn, d’User esou laang wéi méiglech op enger Plattform ze halen. D’Iddi hannendrun ass, datt digital Servicer méi staark op d’Bedierfnesser an de Schutz vu Mannerjärege mussen ausgeriicht ginn.

Fir d’Eltere soll et gläichzäiteg méi Méiglechkeete ginn, d’Online-Aktivitéite vun hire Kanner ze begleeden an ze kontrolléieren. Eng zentral Fro ass dobäi d’Altersverifikatioun. D’EU schafft un enger Léisung, mat där ee säin Alter noweise kann, ouni datt eng Plattform onbedéngt déi komplett Identitéit vun enger Persoun muss kennen.

Elo mussen d'EU-Parlament an d’Memberstaaten iwwert déi konkret Reegelen diskutéieren, ier den EU Kids Act a Kraaft triede kann.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO