
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet ugekënnegt, datt hie bereet ass, direkt Verhandlunge mam Libanon unzefänken, fir friddlech Relatiounen opzebauen an d’Miliz Hisbollah ze entwaffnen. Allerdéngs huet hien och just virdru betount, datt Israel seng militäresch Operatioune weiderféiere wäert, “wou et néideg ass”, fir d’Sécherheet am Norde vum Land ze garantéieren.
Russland, vertrueden duerch den Ausseminister Sergej Lawrow, ass der Meenung, datt déi aktuell Wafferou am Iran-Krich och fir de Libanon gëlle soll an eng regional Bedeitung huet.
Den däitsche Kanzler Friedrich Merz huet d’Virgoensweis vun Israel am Libanon kritiséiert. Senger Meenung no ass d’Militäraktioun vun Israel ze haart a kéint de ganze Friddensprozess a Gefor bréngen. Hien huet betount, datt esou eng Entwécklung op kee Fall däerf geschéien. Och aner Acteuren an der EU vertrieden dës Meenung.