
D'Schëffer hätte "géint d'Virschrëfte verstouss", heescht et vun de Revolutiounsgarden e Mëttwoch. Déi brittesch Autoritéit fir maritim Sécherheet (UKMTO) huet iwwerdeem gemellt, datt zwee Schëffer beschoss gi wieren.
"D'Marinn vum Corps vun den Islamesche Revolutiounsgarden huet haut de Moien zwee Schëffer identifizéiert an ugehalen, déi géint d'Virschrëfte verstouss hunn", heescht et an enger Erklärung vun de Revolutiounsgarden. Béid Schëffer "goufe vun der Marinn vum IRGC saiséiert an un d'iranesch Küst" bruecht.
De Frachter "MSC Francesca", deen aus Israel kënnt an ënner panamaeschem Fändel fiert, souwéi d'Schëff "Epaminondas" ënner liberianeschem Fändel hätte probéiert, d'Strooss vun Hormus ze passéieren. Teheran fuerdert dofir eng Autorisatioun.
De Mierespassage vun Hormus, dee fir de weltwäite Pëtrolshandel wichteg ass, gëtt zanter Ufank vum Iran-Krich Enn Februar vun Teheran gréisstendeels blockéiert. D'USA blockéieren hirersäits iranesch Häfen a loossen do keng Schëffer an- an auslafen. D'Strooss ass en zentraalt Sträittheema vun de Verhandlungen iwwer e méiglecht Enn vum Krich.
Groussbritannien schwätzt vun Attack op Schëffer
Déi brittesch Autoritéit UKMTO huet gemellt, datt e Containerschëff virun der Küst vum Oman "ouni Funkwarnung vun engem Kanouneboot vun den Truppe vun den iranesche Revolutiounsgarde" beschoss gi wier. D'Schëff hätt "uerg Schied" kritt, d'Crew wier awer net blesséiert ginn.
Der Sécherheetsfirma Vanguard Tech no ass et e Schëff, dat ënner liberianeschem Fändel fiert, "deem d'Duerchfaart duerch d'Strooss vun Hormus accordéiert gi war". Déi iranesch Noriichtenagence Tasnim mellt awer, datt d'Schëff "Warnunge vun den iraneschen Truppen ignoréiert" hätt.
E weidert Frachtschëff, dat aus engem iraneschen Hafen ausgelaf war, gouf der UKMTO no och beschoss. Vu wiem, wier awer nach onkloer. D'Schëff wier net beschiedegt ginn an d'Besatzung a Sécherheet.
Vanguard no ass dat de Frachter "Euphoria", deen ënnert dem Fändel vum Panama fiert. Der Plattform Marine Traffic no hat d'"Euphoria" d'Strooss méi spéit verlooss a war um Wee a Saudi-Arabien.
D'"Epaminondas" an d'"MSC Francesca" gi Marine Traffic no vun der Reederei MSC aus der Schwäiz bedriwwen. Béid Schëffer souzen deemno zanter Ufank vum Konflikt am Persesche Golf fest.
Eréischt en Dënschdeg hat den Trump d'Wafferou am Iran-Krich kuerz virum Auslafe verlängert. Dëst géing gëlle sou laang, bis den Iran eng Propos fir en Enn vum Krich virleeë géing an "d'Gespréicher an der enger oder anerer Form ofgeschloss ginn".