
Den US-President huet en Dënschdeg den Owend eiser Zäit annoncéiert, datt een d’Wafferou mam Iran verlängere wäert. De Pakistan, deen déi rezent Friddensgespréicher organiséiert huet, hätt an den USA ugefrot, fir dëse Wee ze goen.
Hien hätt dës Decisioun geholl, fir den Negociatioune méi Zäit kënnen ze ginn. A sengem Post op Truth Social schreift den US-President, datt hien d’Wafferou verlängert, bis den Iran mat enger Propos kënnt, wéi een de Konflikt op en Enn ka bréngen. Dës Annonce koum e puer Stonnen, éier déi bis ewell ausgehandelt Wafferou sollt op en Enn kommen.
Den Donald Trump huet awer an engems och annoncéiert, datt deen d’Blockad vun den iraneschen Häfe weider oprechterhale géif an datt hien der Arméi matgedeelt huet, datt si sech bereet soll halen.
Pakistaneschen an iraneschen Autoritéiten no wier d’Wafferou an de fréie Moiesstonne e Mëttwoch eiser Zäit eriwwer gewiescht. Den USA no hätt se nach bal een Dag méi laang gedauert.