
Den US-President Donald Trump weist sech wéineg begeeschtert vun der Iddi vun enger méi enker Partnerschaft tëscht der EU a Kanada. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet jo am Kader vun hirer Ried zur Lag vun der Unioun e Mëttwoch annoncéiert, dass ee Kanada eng assoziéiert Memberschaft an der EU wéilt ubidden. Hie géif dat fir lächerlech halen, sou den Donald Trump e Mëttwoch géigeniwwer Journalisten am US-Bundesstaat North Carolina. Wann dat géif passéieren an hien dat och nëmmen am Geréngste géif als feindséilegen Akt ugesinn, wäert hien héich Douanestaxe verhänken oder den Handel mat Europa ganz astellen. Sollt hien dogéint zur Conclusioun kommen, dass eng gutt Intentioun hannert der méi enker europäesch-kanadescher Relatioun stécht, wier dat an der Rei, sou den Trump
En Donneschdeg wäert de kanadesch Premier Mark Carney eng Ried am EU-Parlament zu Stroossbuerg halen. Deen Ament dierft een dann och méi iwwer déi kanadesch Reaktioun op de Plang vun der EU-Kommissioun gewuer ginn. De Carney war jo e Mëttwoch als éischte Staatschef vun engem Net-EU-Land bei der Ried zur Lag vun der Unioun dobäi.