Schonn am Laf vum Samschdegmoien hate sech vill Leit laanscht d'Champs-Élysées an op der Place de la Concorde versammelt. Virun der Mass ass de Poopst Leo XIV. am Papamobil vum Arc de Triomphe iwwer d'Champs-Élysées bis bei d'Place de la Concorde gefuer. Do huet de Poopst am Nomëtteg déi grouss Mass gefeiert. A senger Priedegt huet hie sech ënner anerem direkt un déi Jonk geriicht.
"Ech denken un iech, léif jonk Leit. Dir sidd d'Kierch vun haut. Wéi schéin ass et, är Begeeschterung, är Dynamik, ären Engagement an d'Freed an de chrëschtleche Communautéiten ze gesinn", esou den Leo XIV.
Scho moies hat de Chef vun der kathoulescher Kierch d'Maison Bakhita besicht, eng Ariichtung vum Bistum Paräis. "Dëst Haus weist der ganzer Stad, datt et méiglech ass, sech ze begéinen an zesummen an Dignitéit a Fridden ze liewen", sou de Poopst, nodeems hie mat engem afghaneschen an engem nigerianesche Migrant geschwat huet.
D'Haus Bakhita geet op en Opruff vum Leo XIV. sengem Virgänger Poopst Franziskus zréck, deen ëmmer nees zu der Opnam, dem Schutz an der Integratioun vu Friemen opgeruff hat. D'Haus bitt Migrante mat an ouni Openthaltsautorisatioun Franséischcoursen a weider Formatiounen un. Donieft bitt et psychologesch Begleedung un.
Duerno war de Poopst am Institut catholique de Paris, wou hien ënner anerem Leit getraff huet, déi sech op d'Daf virbereeden oder eréischt viru Kuerzem gedeeft goufen.
Mat der Mass ass d'Visitt vum Poopst zu Paräis op en Enn gaangen. De Leo XIV. ass duerno op Lourdes weider gereest, déi zweet Etapp vu senger véier Deeg laanger apostoulescher Rees duerch Frankräich. E Samschdeg den Owend stoung do ënner anerem e Gebitt bei der Grotte vu Massabielle um Programm.
E Méindeg geet et fir déi lescht Etapp vun der Rees op Metz, ier de Leo XIV. nees op Roum zeréckflitt.