
De Poopst ass e Freideg fir eng Visitt vu véier Deeg a Frankräich ukomm. Géint 10 Auer ass säi Fliger um Fluchhafen Orly gelant, wou hie vum franséische President Macron mat militäreschen Éieren empfaange ginn ass. E Grupp Kanner huet gesongen a mat Fändele gewonk. De Pontifex war am Virmëtteg Gaascht am Elysée, wou hien eng Usprooch gehalen huet viru Vertrieder aus Politik an Zivilgesellschaft.

De Leo XIV. huet virun engem schwéier ze kontrolléierende Wettrëschte gewarnt. Ausserdeem géif ëmmer méi den Ierglawen zouhuelen, datt Atomwaffen eng Garantie fir Sécherheet wieren. Fridde wier kee "Gläichgewiicht vu Kräften", mee géif deeglech duerch Dialog a Gerechtegkeet geschaaft ginn. Donieft huet de Pontifex virum Mëssbrauch vun neien Technologië gewarnt. Mat Bléck op d'Kënschtlech Intelligenz huet hien dozou opgeruff, "eis Mënschlechkeet net am 'Paradäis vun de Maschinnen' ze verléieren". Ausserdeem wier de Leo XIV. besuergt, dass d'Gesellschaft Gefor leeft, "Wëssenschaft an Technologie a gewënnorientéiert Entreprisen ze verwandelen".
Den hellege Papp war e Freideg de Moie fréi zu Roum fortgeflunn, mat u Bord eng ganz Rei Pressevertrieder, déi seng Rees duerch Frankräich couvréieren. Wärend dem Vol huet de Poopst d'Leit vun der Press begréisst an hinne Merci gesot fir hir Aarbecht:
Am Nomëtteg huet de Leo XIV. d'UN-Kulturorganisatioun Unesco besicht. Hien ass eréischt den zweete Poopst, deen do eng Ried hält. Virun him war bis elo just de Jean-Paul II. bei der UN-Organisatioun fir Bildung, Wëssenschaft a Kultur op Besuch. 46 Joer ass dat hier.
Mat Bléck op d'Haltung vu sengem Heemechtsland USA huet hien d'Bedeitung vun der multilateraler Kooperatioun betount. Donieft ass hien nach emol op d'Gefore vun enger onkontrolléierter Kënschtlecher Intelligenz agaangen, en Theema, deem hien och seng éischt Enzyklika gewidmet huet. Et misst séchergestallt ginn, dass dës Technik "dem Mënsch déngt an net zu engem Instrument vu Beherrschung an Ongerechtegkeet gëtt".

Donieft huet de Poopst betount, dass sech ouni eng gemeinsam ethesch Grondlag Falschinformatiounen iwwer modern Kommunikatiounsweeër vervillfache wäerten. International Institutiounen, déi an der Kris stiechen, misste gestäerkt ginn, virun allem, wann Dialog net als Ressource fir de Fridde betruecht géif ginn. Wéinst Feelentwécklunge wier et néideg, sou de Leo XIV., d'Vertrauen ze stäerken, fir dass Ënnerscheeter keng Bedroung bedeiten.
No engem Tour mam Papamobil duerch d'Stad ass am Nomëtteg eng Vesper an der Kathedral Notre-Dame virgesinn. Eng Visitt vun der Kathedral zesumme mam Macron, dee sech nom Brand vun 2019 fir e séiert Restauréieren agesat hat, hat de Vatikan refuséiert. Méi spéit am Owend ass dann nach eng Veillée geplangt, en Treffen zum Gebiet mat ronn 80.000 jonke Mënschen am Stade de France.

De Poopst ass och e Samschdeg nach zu Paräis, wou hien op der Place de la Concorde eng grouss Mass ënner fräiem Himmel wäert halen, fir déi 600.000 Leit erwaart ginn. E Sonndeg wäert de Leo XIV. dann op Lourdes fueren an e Méindeg Metz besichen.