
Bei de Parlamentswalen a Slowenien gëtt sech e knappt Resultat erwaart. De proeuropäeschen a liberale Regierungschef Robert Golob hofft, confirméiert ze ginn. Iwwerdeems de rietskonservativen EU-Skeptiker Janez Jansa eng véierte Kéier nees Premier wëllt ginn. Sollt sech déi rietskonservativ Oppositioun duerchsetzen, géif Slowenien sech areien an déi mëtteleuropäesch Achs vu rietspopulistesche Länner wéi Ungarn, Tschechien an der Slowakei.
A Frankräich gëtt mat Spannung op den zweeten Tour vun de Gemengewale gekuckt. A bal all de grousse Stied wéi Paräis, Marseille, Bordeaux oder Toulouse ass nach net ofzegesinn, wie sech um Enn bei de Municipallen duerchsetze wäert. Deen éischten Tour war markéiert vum Succès vu La France insoumise, op der lénker an dem Rassemblement national op der rietser Säit. An dat ee Joer virun de Presidentiellen.
Gewielt gëtt an iwwert 1.500 Gemengen, an deenen et nach kee kloert Resultat am éischten Tour gouf. Mat Resultater ass géint 20 Auer den Owend ze rechnen. An der Haaptstad war den Duell ganz serréiert tëscht der fréierer konservativer Ministesch Rachida Dati an dem Sozialist a fréieren Adjoint vun der Buergermeeschtesch Anne Hidalgo Emmanuel Grégoire. Zu Marseille huet sech d’France insoumise wéinst dem staarken Zouwuess vum RN zréckgezunn, wat dem Buergermeeschter Benoit Payan vun der Gauche ze gutt dierft kommen.
D’Landtagswalen a Rheinland-Pfalz interesséiere bis op Berlin, well besonnesch d’SPD no hirer Defaite a Baden-Württemberg de Sondagen no alt rëm fatzeg Plommen dierft loossen, obwuel si aktuell mam Alexander Schweitzer de Ministerpresident stellen. D’CDU an hire Spëtzekandidat Gordon Schnieder kéinten d’Sozialdemokraten als éischte Kraaft ofléisen. Fir d’AfD gëtt sech e ganz staarken Zouwuess erwaart. Erkläerte Walzil sinn op d’mannst 20 Prozent. Dat wier méi wéi duebel esou vill wéi bei de leschte Wale viru 5 Joer. D’Walbureaue si bis e Sonndeg den Owend um 18 Auer op.
An Italien fänkt e Sonndeg e Referendum iwwert ëmstridde Changementer am Justizsystem vum Land un. D’Reform ass ee vun de gréisste Projete vun der Meloni-Regierung. Kritiker gesinn d’Onofhängegkeet vun de Riichter an dem Parquet a Gefor. Déi zwou Chambere vum Parlament hu scho gréng Luucht ginn, mä well d’Verfassung heifir geännert muss ginn, mussen och d’Leit per Referendum hir Meenung soen. Ofgestëmmt gëtt e Sonndeg an e Méindeg. D’Resultater sollen e Méindeg den Owend virleien.
Sollt d’Vollek “Nee” soen, wier dat eng batter Defaite fir d’Premierministesch Giorgia Meloni an hir Regierung. 2016 war den deemolege Premier Matteo Renzi no engem gescheiterte Verfassungsreferendum zréckgetrueden.