Walen a Rheinland-PfalzBleift den Alexander Schweitzer vun der SPD Ministerpresident?

Diana Hoffmann
Oder iwwerhëlt de Gordon Schnieder vun der CDU? Villes wäert och dovun ofhänken, wéi sech déi aner Parteie placéieren.
Bleift den Alexander Schweizer vun der SPD Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz?
Oder iwwerhëlt de Gordon Schnieder vun der CDU? Villes wäert och dovun ofhänken, wéi sech déi aner Parteie placéieren.

Aktuell iwwerzeegen di grouss Volleksparteien jo ëmmer manner Wieler. Aktuellen Ëmfroen no leien SPD an CDU a Rheinland-Pfalz bei ëm 27 Prozent, d’AfD bei iwwer 20. D’FDP riskéiert dann, d’ 5Prozent-Hürd net ze packen.

Wéi dacks bei de Gemengewalen zu Lëtzebuerg, gëtt och op däitscher Landesebene gefaart, d’Leit wéilte mat hirem Choix d’Bundesregierung ofstrofen. Mat Réckschlëss op d’Bundespolitik misst een awer virsiichteg sinn, schliisslech hätten d’Kommunen generell aner Erausfuerderungen.

Hei gëtt et awer Kritik un der aktueller Landesregierung, déi sech ëm ee bestëmmte Punkt dréint. Migratioun beschäftegt am Walkampf d’Leit, mee beim Sujet vun de Grenzkontrolle sinn sech déi zwee Politiker eens.

Wéi eng Politik d’Rheinland-Pfälzer um Enn da wëllen, deem gi si e Sonndeg an der Walkabinn Ausdrock.

Back to Top
CIM LOGO