Beschbränn a SüdeuropaFlame si just nach eng 15 Kilometer vu Bordeaux ewech, Etat d'Urgence an der Regioun Madrid

Céline Eischen
Andy Brücker
Eleng a Frankräich hunn 220.000 Leit mussen evakuéiert ginn.
This photograph shows the closed A63 highway near Belin-Beliet, southern of Bordeaux on July 26, 2026 as a wildfire has been ravaging the forest north of the Arcachon Basin (Gironde) since July 22.
This photograph shows the closed A63 highway near Belin-Beliet, southern of Bordeaux on July 26, 2026 as a wildfire has been ravaging the forest north of the Arcachon Basin (Gironde) since July 22.
© AFP

D'Bëschbränn a Frankräich an a Spuenien maachen da weider grouss Suergen: A Frankräich sinn d'Flamen deemno just nach eng 15 Kilometer vu Bordeaux fort. D'Gironde am Süd-Weste vum Land ass aktuell am schlëmmste betraff, 42.000 Hektar Bësch sinn do scho verbrannt, 220.000 Leit hu bis elo bei eise Franséische Noperen missten evakuéiert ginn. 18 Läsch-Fligeren an Helikopteren sinn den Ament am Asaz.

Weider uerg Bëschbränn am Süde vun Europa
Iwwer 300.000 Leit si vun Evakuéierungen a Frankräich an a Spuenien betraff.

Och a Spuenien ass d'Situatioun ugespaant

Déi spuenesch Regierung huet fir d'Regioun ëm Madrid den Etat d'Urgence ausgeruff, knapp 60.000 Leit hunn hiert d'Doheem misste verloossen. Ma och an anere Regiounen a Spuenien ass d'Situatioun eescht: An der Géigend vu Valencia ass eng Persoun wéinst de Bränn ëm d'Liewe komm.


Back to Top
CIM LOGO