Um drëtten Dag e Sonndeg vun der Poopstvisitt a Frankräich huet de Chef vun der Kathoulescher Kierch d’Sonndesmass zu Lourdes, um Fouss vun de Pyrenäen, gehalen a Presenz vun 150.000 Gleewegen. De Poopst huet awer och Affer vu sexueller Gewalt duerch Geeschtlecher a Frankräich begéint an déi Verbriechen op e Neits thematiséiert.
E Samschdeg den Owend scho war de Poopst zu Lourdes ukomm, fir e Gebiet an der Grott, enger vun de bekanntste kathoulesche Pilgerplaze weltwäit, do wou dem Glawen no 1858 dat klengt Bernadette d’Muttergottes gesinn hätt. Méi wéi 3 Millioune Visiteure sinn all Joers zu Lourdes, mee en neie Poopst ass e besonneschen Ament, seet d'Schwëster Anne Laeticia vun Argenton-sur-Creuse.
"Nieft der Sonndesmass zu Lourdes haut stoungen awer och déi sexuell Verbrieche vu Geeschtlechen aus der kathoulescher Kierch u Mannerjäregen a Frankräich haut um Programm vum Poopst Leo. Aus engem 5 Joer ale Rapport geet ervir, dass an de 70 Joer tëscht 1950 an 2020 méi wéi 330.000 Kanner a Frankräich vergewaltegt goufe vu Leit, déi am Déngscht stounge vun der Kierch. De Poopst selwer konnt haut mat 7 vun hinne schwätzen."
Virun de franséische Bëscheef zu Lourdes e Sonndeg huet de Poopst Leo verlaangt, net ewech ze kucken, mee de Courage zesummen ze huelen an der Pedokriminalitéit op d’Schäerfst entgéint ze wierken. D’Affer misste gehéiert ginn, d’Justiz misst hire Wee goen an et sollt een der Preventioun héchst Prioritéit ginn.
Wichtegste Rendez-vous
Fir vill Leit ass dëst dee wichtegste Rendez-vous iwwerhaapt vun der Poopst-Visitt a Frankräich, well d'kathoulesch Kierch zanter 5 Joer intensiv amgaangen ass, Mëssbrauchsfäll opzeschaffen. Vill Betraffener sinn allerdéngs der Meenung, dass dat vill ze lues geschitt.
2019: Vertuschungsvirwërf géint de Kardinol Barbarin
E Skandal ëm e pädokriminelle Paschtouer huet d'Kierch eminent ënner Drock gesat. De Kardinol vu Lyon, de Philippe Barbarin, gëtt verurteelt, well hien d'Dote vum Paschtouer vertuscht soll hunn. Am Appell gëtt de Kardinol fräigesprach. D'Riichter hunn argumentéiert, dass hien net perséinlech fir d'Feeler vun der Kierch hafte kéint.
2021: Kommissioun schätzt 330.000 mannerjäreg Affer
Eng onofhängeg Enquêtëkommissioun deckt "systematesche" Mëssbrauch zanter 1950 op. Se schätzt d'Zuel vun de mannerjäregen Affer vu Paschtéier, Uerdensleit a Laien am kierchlechen Déngscht op 330.000. D'Bëschofskonferenz erkennt d'institutionell Verantwortung vun der Kierch a riicht Ulafplazen an, fir d'Begleedung an d'Entschiedegung vun Affer. Bis haut hu sech knapp 2.000 Betraffener gemellt, eng 1.200 goufe finanziell entschiedegt.
2022: Grënnung vun engem kierchleche Strofgeriicht
D'franséisch Bëscheef lancéieren e Geriicht, dat um Kiercherecht baséiert. Et befaasst sech net nëmme mat sexuellem Mëssbrauch, ma och mat anere Vergoen. Zanterhier goufe méi wéi 50 Fäll verhandelt an ongeféier eng Dosen Urteeler decidéiert. An de meeschte Fäll gouf de Geeschtleche vum Déngscht suspendéiert. D'kiercherechtlecht Verfaren ass keen Ersatz fir e strofrechtleche Prozess, ma kann dësen ergänzen. Déi meescht Diözesen hunn antëscht Ofkommesse mat de Parqueten, fir Mëssbrauchsfäll ze mellen.
2023: Bétharram-Skandal lenkt de Bléck op kathoulesch Schoulen
Et huet ugefaange mat enger Facebook-Grupp fir fréier Schüler vun der kathoulescher Bétharram-Schoul. No an no hu sech do ëmmer méi Betraffener gemellt. 200 vun hinnen hunn eng Plainte gemaach wéinst kierperlecher oder sexueller Gewalt. Ma déi meescht gëllen och als verjäert. Eng Enquêtëkommissioun huet 37 presuméiert Täter identifizéiert. Ermëttelt huet d'Justiz awer just géint zwou Persounen wéinst Vergewaltegung vu Mannerjäregen - e Paschtouer a säi fréiere Betreier.
De Fall hat dowéinst esou vill Opmierksamkeet kritt, well den deemolege Premierminister François Bayrou mat der Schoul enk verbonne war. Als Reaktioun koumen an ëmmer méi kathoulesche Schoule Mëssbrauchsvirwërf un d'Liicht.
2024 Virwërf géint prominenten Abbé Pierre
Zanter 2014 si sëllege Mëssbrauchsvirwërf géint de populäre Paschtouer Abbé Pierre bekannt ginn, deen 2007 gestuerwen ass. Bis haut goufen 68 potentiell Affer vu sexuellen Iwwergrëff a Vergewaltegungen identifizéiert, dorënner och Mannerjäreger. Eng strofrechtlech Enquête ass awer net méi méiglech, well de Verdächtegen dout ass.
Eng vum Abbé Pierre gegrënnte Stëftung huet hiren Numm geännert an e Memorial fir hie gouf zougemaach. De Fall huet zu engem uergen Glafwierdegkeetsverloscht fir d'kathoulesch Kierch a Frankräich geféiert. E wërft donieft d'Fro op, a wéi wäit d'Vergoe vun de Geeschtlechen intern gedeckt goufen.
2026: De Poopst trëfft Mëssbrauchsaffer
Enger Ëmfro no erwaarde 15 % vun de Befroten, dass de Poopst Leo XIV. bei senger Frankräich-Visitt och d'Theema Mëssbrauch opgräift. Dat geplangten Treffe mat Affer léist awer och Kritik, well nëmme 7 Persounen dorun dierfen deelhuelen an dës nach vun der Bëschofskonferenz erausgesicht goufen.
Verbänn, déi sech ëm Affer këmmeren, bekloen, dass si net berécksiichtegt goufen. "Mir wëllen net méi eis perséinlech Geschichten erzielen, dovun huet de Poopst genuch héieren", sou e Vertrieder vun enger Associatioun fir Affer. "Mir wëlle wëssen, wéi et weidergeet." D'Bëschofskonferrenz huet betount, dass d'Renconter e Sonndeg zu Lourdes op Wonsch vum Poopst am klenge Kader ass.
E Méindeg de Moien geet et da weider op Metz: Do hält de Poopst eng Ried am Kongresszenter Robert Schuman, ganz ënnert dem Motto vun Europa als Zeeche vu Fridden an Zesummenhalt.
Op RTL kënnt Dir dee groussen Dag zu Metz live suivéieren: Dat vun no 9 Auer un an dee ganzen Dag online iwwer eise Liveticker.