
A Portugal huet et d’rietspopulistesch Chega-Partei an d’Stéchwal géint d’sozialistesch Partei (PS) gepackt. Den André Ventura trëtt deemno den 8. Februar nach emol géint den António José Seguro un, deen no der Auszielung vu 95% vun de Stëmme mat ronn 30% en däitleche Virsprong huet. De Chef vun de Rietspopulisten André Ventura koum op Plaz 2. Well awer kee vu béide Kandidaten eng absolut Majoritéit krut, ass eben eng Stéchwal néideg.
Et ass déi éischt Stéchwal zanter 40 Joer. Eng Rekordzuel vu Kandidate war e Sonndeg bei de Presidentiellen ugetrueden. Traditionell léise sech un der Staats- a Regierungsspëtzt d’Sozialiste an déi konservativ PSD of. Dee vun hinnen ënnerstëtzte Kandidat Luís Marques Mendes koum awer just op 12% a louch deemno däitlech ënnert dem Ventura. Dëse wäert awer kaum eng Chance hunn, den Nofollger vum konservative Marcelo Rebelo de Sousa ze ginn. Méi wéi 60% vun de Befroten hunn uginn, an enger Stéchwal op kee Fall fir de Rietspopulist ze stëmmen.