IsraelEfforte fir eng nei Regierung gi virun

RTL Lëtzebuerg
Den Oppositiounsleader Gadi Eisenkot huet d'Partei Likud vum aktuelle Premier Netanyahu op Koalitiounsgespréicher invitéiert.
Den Oppositiounsleader Gadi Eisenkot huet den Optrag kritt, eng nei Regierung ze forméieren.
© JACK GUEZ/AFP

Den Oppositiounsleader Gadi Eisenkot huet jo vum President den Optrag kritt, déi nächst Regierung ze forméieren. Elo huet dësen déi riets-geriichte Partei Likud vum aktuelle Premier Netanyahu op Koalitiounsgespréicher invitéiert. Domat bestéing d'Méiglechkeet, eng breet opgestallt Regierung ënnert engem Premier Eisenkot zesummenzekréien.

Den Eisenkot hat allerdéngs virun de Wale schonn annoncéiert, an enger vum Benjamin Netanyahu geleeter Regierung net wëlle Member ze sinn.

D'Treffen tëscht béide Parteie soll e Sonndeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO