Weltklimakonferenz COP31Keng Eenegung op gemeinsam Ofschlosserklärung

RTL mat AFP
Pit Everling
Eigentlech sollten d'Verhandlungen zu Antalya an der Tierkei schonn e Freideg den Owend op en Enn goen. Um Enn ass d'COP31 zur längster Weltklimakonferenz ginn, déi et jee gouf.
De President vun der Weltklimakonferenz Murat Kurum.
De President vun der Weltklimakonferenz Murat Kurum.
© YASIN AKGUL/AFP

Bei der Weltklimakonferenz COP31 am tierkeschen Antalya konnten d'Delegatioune sech net op eng gemeinsam Ofschlosserklärung eenegen. Wéi de Konferenzpresident Murat Kurum matgedeelt huet, goufen um Enn keng gemeinsam Beschlëss ugeholl.

De Lëtzebuerger Ëmweltministère schreift an enger éischter Reaktioun, datt ee keen Text kann ënnerstëtzen, deen der Urgence an de Realitéite vum Klimawandel net Rechnung dréit. De Minister Serge Wilmes schwätzt vun engem Réckschrëtt. Virun allem ass et vu Lëtzebuerger Säit aus net acceptabel, datt keng kloer Referenz gemaach gëtt, fir aus fossillen Energien erauszeklammen. Et kéint net sinn, datt den Interêt vun enger Minoritéit iwwer dee vun der Majoritéit gestallt gëtt. Lëtzebuerg an d'EU hätte versicht, e globale Kompromëss ze fannen. 

Eng méi ausféierlech Reaktioun vum Ëmweltministère fannt Dir hei.

Den Ressortminister Serge Wilmes koum schonn e Samschdeg zeréck op Lëtzebuerg an huet e Sonndeg am RTL-Interview reagéiert.
Den CSV-Politiker vermësst virun allem eng kloer Feuille de route, wat d'Sortie aus fossillen Energien ugeet.

Serge Wilmes iwwer Echec vu Verhandlungen op der COP31

Lëtzebuerg an d'EU hätte versicht fir an der Tierkei e globale Kompromëss ze fannen, mee aner Staaten hätte blockéiert, notamment Pëtrolslänner a virop Saudi-Arabien, bedauert de Serge Wilmes. Europa géing weider seng Aufgaben erfëllen, seet de Serge Wilmes, mä als Weltgemeinschaft wier een elo net esou weider komm wéi gehofft. De Serge Wilmes ass awer optimistesch, datt et op der nächster COP an Äthiopien e Resultat ka ginn.

Am Laf vum Sonndeg de Moien hat sech schonn ugedeit, datt ee warscheinlech kee gemeinsame Konsens fanne géing. Nodeems e Sonndeg nach emol iwwer eng nei Versioun vun der Ofschlosserklärung debattéiert an ofgestëmmt ginn ass, haten d'EU-Länner e Sonndeg an der Mëttegstonn scho matgedeelt, datt si d'Ofschlosserklärung net wäerte matdroen. "Mir wäerte keng Ofschlosserklärung ënnerstëtzen, an där fossil Brennstoffer net emol erwäänt ginn", sou den Darragh O'Brien, Klimaminister vun Irland, dat den Ament d'EU-Rotspresidence huet, e Sonndeg zu Antalya. Schliisslech wiere Kuel, Pëtrol a Gas haaptverantwortlech fir de Klimawandel.

Am spéide Moien hat och schonn Däitschland annoncéiert, datt een den Text, esou wéi en elo zur Debatt stéing, net géif matdroen. Och de franséischen Ëmweltminister hat uginn, datt dës Versioun vum Text ee Réckschrëtt wier.

Wéi et e Sonndeg vun der Plaz geheescht huet, soll an der leschter Versioun vun der Ofschlosserklärung just op fréier Accorde verwise gi sinn, an deene schonn e schrëttweist Erausklammen aus Pëtrol, Kuel a Gas festgehale gi war.

Eigentlech sollten d'Verhandlungen zu Antalya an der Tierkei schonn e Freideg den Owend op en Enn goen. Um Enn ass d'COP31 zur längster UN-Klimakonferenz ginn, déi et jee gouf.

Back to Top
CIM LOGO