Walen am däitsche BundeslandGréng knapp virun der CDU am Baden-Württemberg

RTL Lëtzebuerg
Et ass déi éischt vu fënnef Walen an dësem Superwaljoer op Landes-Niveau bei eise groussen Noperen.
Den Cem Ozdemir
© BERND WEISSBROD/dpa Picture-Alliance via AFP

Am Land Baden-Württemberg kéint sech am neie Landtag eppes änneren. No der éischter Prognos vum Institut Infratest dimap fir d’ARD, direkt nom Zoumaache vun de Wahllokaler, géifen FDP an Lénkspartei jeeweils op 4,5 % vun de Stëmme kommen. D’SPD kéint deemno 5,5 % erreechen. D’AfD géif op 17,5 % kommen.

D’CDU mam Manuel Hagel läit bei 29 % an déi Gréng mam Cem Ozdemir bei 32 %.

De Manuel Hagel
De Manuel Hagel
© SILAS STEIN/AFP

Kloer ass, dass d‘Ära vum Winfried Kretschmann op en Enn geet. De 77 Joer ale Politiker huet net méi kandidéiert. 15 Joer laang war hien de Regierungschef, an dat als Gréngen an engem Bundesland, wou awer grouss Deeler vun der Populatioun als guttbiergerlech Konservativer gëllen.

Et hat an de Sondagen och laang esou ausgesinn, wéi wann dat fir d‘Schwaben an d‘Badener elo duergoe géing mat de Gréngen als stäerkste Fraktioun, an déi Chrëschtlech-Sozial d‘Geschécker vu Stuttgart aus iwwerhuelen dierften. Ma den Cem Özdemir huet d‘Course mat senger Grüne awer nach eemol ganz spannend gemaach.

Well Baden-Württemberg mat Konzerner ewéi Daimler, Porsche a Bosch d’Häerz vun der däitscher Automobilindustrie ass, spillen déi strukturell Changementer an der Branche eng wichteg Roll fir d’Wielerinnen a Wieler. Nei ass bei dëse Walen och, dass wéinst enger Ännerung am Walrecht scho Jonker vu 16 a 17 Joer wiele kënne goen.

Back to Top
CIM LOGO