Walen a Baden-WürttembergSchwaarz-Gréng, oder awer Gréng-Schwaarz?

Pierre Jans
E Sonndeg si Walen am däitsche Bundesland Baden-Württemberg.
An de Walen a Baden-Württemberg deit villes drop hin, datt et eng Course tëscht dem Cem Özdemir an dem Manuel Hagel gëtt.
An de Walen a Baden-Württemberg deit villes drop hin, datt et eng Course tëscht dem Cem Özdemir an dem Manuel Hagel gëtt.
© SILAS STEIN/AFP

D’Landtagswal a Baden-Württemberg ass déi éischt vu fënnef an dësem Superwaljoer op Landes-Niveau bei eise groussen Noperen. A Sachsenanhalt kéint et am September en zolitten Rietsruck an eng éischt richteg Victoire fir d’AFD ginn. Ma och a Baden-Württemberg huet d’AFD bei de Sondagen zougeluecht. Hei wäert et um Enn fir de Poste vum Ministerpresident awer eng Kapp-u-Kapp-Course tëscht dem Kandidat vun deenen Gréngen Cem Özdemir an deem vun der CDU Manuel Hagel ginn.

Walen a Baden-Württemberg / Reportage Pierre Jans

Kloer ass, dass d’Ära vum Winfried Kretschmann e Sonndeg op en Enn geet. De 77 Joer ale Politiker ass net méi ugetrueden. 15 Joer laang war hien de Regierungschef. An dat als Gréngen am Ländle, do wou awer grouss Deeler vun der Populatioun als guttbiergerlech Konservativer gëllen. Et hat an de Sondagen och laang esou ausgesinn, wéi wann dat fir d’Schwaben an d’Badener dann och elo duergoe géing an déi Chrëschtlech-Sozial d’Geschécker vu Stuttgart aus iwwerhuelen dierften.

Ma wien de Walausgang scho fir decidéiert gehalen huet, hat d‘Rechnung net mam Cem Özdemir gemaach. Hien huet d‘Course mat senger Grüne awer nach eemol ganz spannend gemaach. Der leschter Sonndesfro, déi d’ARD publizéiert hat no léichen déi Gréng mat 27 Prozent vun de Stëmme just 1 Prozentpunkt hannert der CDU. D’AFD huet hir Zoustëmmung par rapport zu Januar quasi verduebelt: 18 Prozent. D’SPD ass op 7 Prozent ofgestierzt. Knapps virun der liberaler FDP mat 6 Prozent. D’Linke kënnt op 5,5 Prozent.

D’Bundesland mat der drëttgréisster Surface an iwwer 11 Milliounen Awunner steet wirtschaftlech gutt do. D’Automobilbranche ass mat Daimler, Porsche an och Bosch zum Beispill gutt vertrueden. D’Aarbechtslosegkeet ass relativ déif. Trotzdeem kriselt och déi däitsch Autosindustrie. D’Ekonomie ass den Ëmfroen no also dat wichtegst Thema. An dat confirméiert och den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann der ARD géintiwwer:

D’Leit a Baden-Württemberg musse sech d’Fro stellen. ob d’Wirtschaftspolitik an Zukunft e Ministerpresident vun der CDU oder ee vun der Grüne maache soll. Dat ass déi zentral Fro.

Zu Berlin kuckt ee ganz genee op d’Walen a Baden-Württemberg. Fir d’Partei vum ugeschloene Kanzler Friedrich Merz ass eng Victoire do fest ageplangt. Sollt de Manuel Hagel net jéngste Ministerpresident ginn, well d’Grüne méi staark gëtt, géif dat der CDU net gutt zu Gesiicht stoen. Woubäi Experte mengen, dass och de Kanzler mat senger Lifestyle-Debatt dem Kolleeg am Ländle, net grad e Gefale gemaach huet.

Villes deit also op eng Koalitioun mat de Faarwe Schwaarz a Gréng hin, d’Fro ass wéi eng vir stoe kënnt.

Back to Top
CIM LOGO