Mam Lëtzebuerger Premier op Visitt zu KiewLuc Frieden: "Wichteg ze gesinn, datt de Krich net eppes Abstraktes ass"

Jeannot Ries
15 Stonnen huet d'Visitt vum Premier Luc Frieden an der ukrainescher Haaptstad gedauert. E Marathon tëscht Reuniounen a Visitten an der Stad.

Wéi de Luc Frieden ëm der Owend um Maidan, der Plaz vun de pro-europäesche Protester ukoum, huet de Premier spontan zeréckgeduecht, un eng Visitt 2005, der Zäit vun der Oranger Revolutioun. "Wou mer gesot hunn, mir brauchen niewent der Europäesch Unioun eng stabil Ukrain. Eng Ukrain, déi no Weste kuckt. Well schonn deemools waren déi Geforen, déi vun enger onstabiller Ukrain a Regioun géif ausgoen, fir eis grouss. Mee wat mer net antizipéiert hunn, dat ass, datt 2014 Russland géif d'Ukrain ugräifen, op der Krim. An nach méi schlëmm dunn 2022, wou se wollten d'ganz Ukrain iwwerfalen. An dat ass natierlech fir eis haut eng enorm Erausfuerderung", sou de Premier. Haut ass de Maidan eng vu ville Platzen an der Ukrain, wou Familljen deenen Zaldote gedenken, déi zanter der Invasioun vun der Krim an dem Donbass, am Krich géint Russland gefall sinn.

Mäerderesch Attacken op d'Haaptstad Kiew

Zu Kiew selwer, bezilt d'Zivilpopulatioun déi lescht Wochen en héije Präis, wat de Krich ubelaangt. Zanter Ufank August ass praktesch keen Dag vergaangen, wou et net eng massiv, russesch Attack gouf.

De Luc Frieden: "Et ass wichteg ze gesinn, datt de Krich net eppes Abstraktes ass. Ech hunn et de Moie gesinn um Kierfecht mat de Fotoe vu Jonken, déi mat 25 Joer, 30 Joer, gestuerwe sinn am Krich. An hei si mer op enger Plaz, wou am Maart ass, wou e Supermarché war, wou eng Rakéit virun e puer Méint erageschoss ginn ass. Wou Mënsche gestuerwen sinn, der vill blesséiert gi sinn. Et geet also hei ëm Mënscheliewen."

35 Joer Onofhängegkeet, am Zeeche vum Krich

De 24. August 1991, also viru 35 Joer, huet d'Ukrain um Ament, wou d'Sowjetunioun ausenaner gebrach ass, seng Onofhängegkeet erkläert. e Méindeg gouf un deen Ament erënnert. Mat enger Zeremonie, wou d'Sacrificer, fir déi Onofhängegkeet ze verdeedegen, séier nees mat am Mëttelpunkt stoungen. A Presenz vun 10 Regierungscheffen, dorënner de Premier Luc Frieden. All Vertrieder vun der Allianz vun de Wëllegen, déi d'Ukrain an hirem Kampf ënnerstëtzen.

"Grad e klengt Land wéi Lëtzebuerg weess, wéi wichteg et ass, datt ee Frënn huet, déi een ënnerstëtzen. An eisem Fall waren dat d'Amerikaner am Zweete Weltkrich. Mir wësse wéi wichteg d'Prinzippie vum internationale Recht sinn. An dat war dem President seng Haapt-Suerg", sou de Premier.

Rees op Kiew op Invitatioun vum President Selenskyj

De Luc Frieden, deen op Invitatioun vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op Kiew gereest ass, huet sech e Méindeg am ganz enke Krees mam ukrainesche President ënnerhalen. Doriwwer, wat déi aktuell Situatioun ubelaangt a wéi och e klengt Land wéi Lëtzebuerg d'Ukrain ënnerstëtze kann.

De Luc Frieden: "Lëtzebuerg ass e Land, wat der Ukrain scho vill Hëllef ginn huet, wann een dat pro Kapp kuckt. Mir hunn och geschwat, wéi mer kënne Kontributioune maachen an den Energiefong. Well elo kënnt e Wanter, dee steet virun der Dier. Hei gëtt et schrecklech kal. Lëtzebuerg mécht do Kontributiounen. Mir hu gekuckt, wéi mer Satellitte-Capacitéit kënnen zur Verfügung stellen. An och wéi mer kënnen an der Koalitioun vun de Wëllegen, déi do ass, wa mol eng Kéier hei Fridden ass, wéi mer kënnen hëllefen, d'ukrainesch Arméi ausbilden. Wéi mer och kënnen a verschiddene Koalitiounen, mat IT oder an der Loft, Satellitten, Fliger, kënnen den Ukrainer hëllefen."

Urgence Loftofwier

Kuerz virum Gespréich tëscht dem Premier Frieden an dem President Selenskyj war d'Koalitioun vun de Wëllegen eng weider Kéier zesummen. En Deel vun de Staats- a Regierungscheffe gouf bäigeschalt. D'Ukrain krut weider finanziell Hëllef an och technesche Support zougesot. Fir de President Selenskyj gëtt et den Ament kloer eng Urgence:

"Mir mussen dofir suergen, datt d'Loftofwier fir de Wanter mat Zäit an der Ukrain ass a mir brauche Patriot-Rakéite fir de Wanter", sou den Appell vum ukrainesche President.

Regierungscheffen am Bunker

Wéi wichteg déi Loftofwier ass, hunn eng Rei Staats- a Regierungscheffen e Méindeg den Owend selwer erlieft, wéi zu Kiew alt nees emol Loftalarmen ausgeléist gouf. Wéinst zwee russeschen, ballistesche Missillen.

Den RTL-Journalist Jeannot Ries erzielt am Gespréich mam Joel Detaille, wéi hien d'Rees erlieft huet

Den RTL-Journalist Jeannot Ries war um Méindeg mat der Lëtzebuerger Delegatioun zu Kiew. Hie verzielt eis, wéi hien déi Rees erlieft huet.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO