
Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi ass e Méindeg an der russescher Haaptstad, fir mam President Wladimir Putin iwwert en Enn vum Iran-Krich ze schwätzen.
Déi geplangte Gespréicher mat den USA ware jo geplatzt. Den Iran hätt Washington awer eng nei Friddenspropose gemaach, dat iwwert de Vermëttler Pakistan, dat melle verschidde regional Medien.
Deemno soll als éischt de Blockage vum Hormus-Passage a vun den iraneschen Häfen opgehuewe ginn. D'Verhandlungen iwwert den iraneschen Atomprogramm sollen da méi spéit sinn.