Iran-KrichHin an Hier wat méiglech Friddensverhandlungen ugeet

Annick Goerens
Andy Brücker
Monica Camposeo
Eng iranesch Noriichtenagence mellt, den iraneschen Ausseminister géif um Sonndeg awer nees op Islamabad reesen.
© AFP PHOTO / IRANIAN FOREIGN MINISTRY

Et gi bis op Weideres keng nei Verhandlunge fir e Fridden am Iran... oder awer dach? Et ass een dovun ausgaangen, dass eng weider Ronn u Gespréicher tëscht den USA an dem Iran zu Islamabad kéint lancéiert ginn, mee den iraneschen Ausseminister, deen e Freideg am Pakistan ukomm ass, ass e Samschdeg spontan nees fortgeflunn, iert d'Amerikaner iwwerhaapt am Pakistan ukomm sinn. 

D'Vertrieder vun den USA, de Steve Witkoff an Jared Kushner, déi schonn ënnerwee waren, wieren zeréckgeruff ginn, wéi een héieren hätt, dass d'Iraner fortgeflu sinn, sou heescht et weider.

Déi iranesch Säit hätt anscheinend Propose fir e Fridden zu Islamabad hannerluecht. Mee op Nofro seet Teheran, et wieren einfach bilateral Gespréicher mat Islamabad gewiescht. D'Medie spekuléieren op e Muechtspill tëscht dem Iran an den USA.

Iranesch Staatsmedien mellen dann och, dass den Ausseminister no senger Visitt am Oman um Sonndeg nees op Islamabad wäert zeréck fléien. En Deel vu senger Delegatioun wier schonn zeréck, den Araghtschi selwer soll um Sonndeg nach dohi reesen, wéi eng iranesch Noriichtenagence mellt.

Back to Top
CIM LOGO