
Trotz Verlängerung vun der Wafferou tëschent Israel an dem Libanon ginn e Freideg nees Attacke gemellt. En Donneschdeg hat den US-President Trump matgedeelt, datt d'Wafferou, déi eigentlech e Sonndeg sollt auslafen, géing ëm dräi Woch verlängert ginn.

Am Südlibanon sollen awer elo zwee Mënschen em d'Liewe komm si bei israeeleschen Attacken. Eng Verlängerung vun der Wafferou géing esou kee Sënn maachen, esou d'Reaktioun vun engem Vertrieder vun der Hisbollah. Si hätten d'Recht och wärend der Wafferou op déi Aggressiounen ze reagéieren. D'Hisbollah rifft de Libanon op, sech aus de Verhandlunge mat Israel zeréckzezéien.