
De Konflikt tëscht der Hisbollah an Israel war jo an der Lescht nees eskaléiert. Den Donald Trump huet trotzdeem eng Verlängerung vun der Wafferou am Libanon annoncéiert.
Wéi gesot, wackelt déi Wafferou. Béid Länner attackéieren nach ëmmer een deen aneren. D'Waffepaus soll awer fir 3 weider Woche gëllen. Den Trump hat Vertrieder vun Israel an dem Libanon fir Gespréicher zu Washington empfaangen.