
De Brudder vum brittesche Kinnek Charles III. a fréiere Prënz Andrew Mountbatten-Windsor gouf en Donneschdegmoien op sengem Landsëtz zu Sandringham festgeholl. Wéi verschidde brittesch Medien, ënnert hinnen d’BBC mellen, kréich hie “Feelverhalen an engem ëffentlechen Amt” virgeworf.
Wéi et vun der Noriichtenagence AFP heescht, sollen d’Reprochë sech op dem fréiere Prënz seng Zäit als britteschen Handelsemissär bezéien. An dëser Funktioun soll hien dem amerikanesche Financier Jeffrey Epstein vertraulech Dokumenter weidergeleet hunn. Wéi et an engem Statement vun der brittescher Police heescht, hätt een am Kader vun enger Enquête en iwwer 60 Joer ale Mann aus Norfolk, wéinst dem Verdacht op Feelverhalen an engem ëffentlechen Amt festgeholl. En Numm huet een awer net genannt.
D’brittesch Police huet en Donneschdegmoien dowéinst och op zwou Adresse Perquisitiounen duerchgefouert. En Donneschdeg den Owend konnt de fréiere Prënz Andrew de Policebüro nees verloossen.
De fréiere Prënz Andrew huet trotz fotographesche Beweiser ëmmer nees all Verstréckungen mam Jeffrey Epstein an all Mëssbrauchsreproche vu sech gewisen. Dorënner och d’Virwërf vun där Fra, déi him an hire Memoirë virgehäit huet, si als mannerjäregt Meedche mëssbraucht ze hunn. Si huet sech virun der Publikatioun vum Buch d’Liewe geholl. Uganks des Mounts gouf dunn nach am Kontext vun den Epstein-Files eng Foto public, op där een de fréiere Prënz gesäit, wéi hien iwwert enger Fra knéit, déi um Buedem läit. Kontext an Datum si bis elo net bekannt. Fakt ass, den Andrew Mountbattan-Windsor taucht honnerte Mol an den E-Mail-Echange mam Jeffrey Epstein op, dee sech 2019 am Prisong d’Liewe geholl hat. Dat brittescht Kinnekshaus huet dem Andrew Enn d’lescht Joer alleguerten d’Titelen a militärescht Räng oferkannt. An hien huet missen aus dem Schlass Windsor erausplënneren.
De brittesche Premier Keir Starmer huet sech am Fall vun der Festnam vum fréiere Prënz Andrew Mountbatten-Windsor geäussert. Der BBC sot hien, dass jiddereen, dee relevant Informatiounen zum Epstein-Netzwierk hätt, aussoe misst, onofhängeg vu senger Positioun.
“Ob et elo den Andrew oder iergend en aneren ass. Jiddereen, dee relevant Informatiounen huet, sollt sech un eng zoustänneg Instanz riichten. An dësem konkrete Fall schwätze mer iwwert den Epstein, mee et gëtt vill aner Fäll. Jiddereen, deen Informatioun zu iergend engem Aspekt vu Gewalt géint Fraen a Meedercher huet, huet menger Usiicht no d’Flicht, sech ze mellen, egal wien et ass.”
Elo wier et un der Police, hir Ermëttlungen ze maachen. Kee géing iwwert dem Gesetz stoen.
Reprochéiert gëtt dem fréiere brittesche Prënz, sech net ugemoossent a senger fréierer ëffentlecher Funktioun verhalen ze hunn. Als Handelsbeoptraagte soll hie vertraulech Informatioune weiderginn hunn. Méiglech Sexualstrofdote goufen an de Grënn fir d’Festnam awer net genannt.
Dem Andrew säi Brudder, de Kinnek Charles, huet schrëftlech matgedeelt, dass elo déi zoustänneg Autoritéite géingen iwwerhuelen.

Wéi brittesch Medien en Donneschdeg den Owend um kuerz virun 21 Auer mellen, soll de fréiere brittesche Prënz Andrew de Policebüro nees verlooss hunn. De Sender BBC a brittesch Zeitunge weisen Opnamen vum 66 Joer alen Andrew, wéi hien en Donneschdeg den Owend um Récksëtz vun engem Auto souz.
Liest dozou och nach: