
Wéi et en Dënschdeg aus informéierte Kreesser zu Washington heescht, hunn US-Deputéierter de Microsoft-Grënner de Bill Gates am Skandal ëm de Sexualstroftäter Jeffrey Epstein fir eng Auditioun den 10. Juni virgelueden. E Spriecher vum Bill Gates huet erkläert, datt de Gates all Froe beäntwerte wéilt. Hie wier awer ni Zeie vum Epstein sengem illegale Verhale gewiescht oder hätt sech doru bedeelegt.
An Dokumenter aus dem Epstein-Prozess, déi vum US-Justizministère publizéiert goufen, war och dem US-Milliardär säin Numm opgedaucht. An den Dokumenter war ënnert anerem eng Mail, an där den Epstein vu presuméierten Affäre vum Microsoft-Grënner schwätzt. De Sexualstroftäter schreift doran, hien hätt dem Gates gehollef, “Medikamenter ze besuergen, fir d’Suitte vu Sex mat russesche Meedercher ze bewältegen”. De Gates huet doropshin Affäre mat zwou russesche Fraen zouginn.
Liest dozou och: