Am Skandal ëm den US-Sexualstroftäter Jeffrey Epstein huet de Microsoft-Grënner Bill Gates zouginn, Affäre mat zwou russesche Frae gehat ze hunn. Hien hätt e “grousse Feeler” gemaach, an deem hie sech mam Epstein agelooss hätt, sot de Gates bei enger Mataarbechterversammlung vu senger Stëftung. Gläichzäiteg huet hien awer all Participatioun un de Verbrieche vum US-Finanzberoder zréckgewisen.
“Ech entschëllege bei jidderengem, deen duerch mäi Feeler an déi Saach eragezu gouf”, sot de Gates weider. Hien hat och Mataarbechter vun der Stëftung mat op Entrevuë mam Epstein matgeholl. D’Versammlung war schonn en Dënschdeg, eng Opzeechnung gouf e Mëttwoch vum “Wall Street Journal” publizéiert.
A rezent verëffentlechten Dokumenter iwwer d’Epstein-Affär war ënnert anerem dem Gates säin Numm opgedaucht. Ënnert anerem war doran den Entworf vun enger E-Mail, an där den Epstein vu presuméierten Affäre vum Microsoft-Grënner schwätzt. Seng Relatioun zum Milliardär hätt vun “der Hëllef fir de Bill, Medikamenter ze besuergen, fir d’Suitte vu Sex mat russesche Meedercher ze bewältegen, bis hin zu der Erméiglegung vu sengen onerlaabte Rendez-vouse mat bestuete Fraen” gereecht, schreift den Epstein an der Mail.
Nodeems de Bill Gates d’Aussoen aus dem Mail-Entworf fir d’éischt zréckgewisen hat, huet de 70 Joer ale Gates elo Affäre mat zwou Fraen zouginn. “Ech hat Affären. Eng mat enger russescher Bridge-Spillerin, déi ech bei Bridge-Turnéiere kennegeléiert hunn, an eng mat enger russescher Atomphysikerin, déi ech am Kader vu menger Aarbecht kennegeléiert hunn.” De Microsoft-Grënner huet awer all Participatioun un de Verbrieche vum Epstein zréckgewisen: “Ech hunn näischt Illegaler gemaach. Ech hunn näischt Illegales gesinn.”
Liest dozou och nach: