
De Brand wier "ënner Kontroll bruecht ginn" an dierft sech net weider a Richtung Däitschland ausbreeden, heescht et vum Chef vun der Krisekommunikatioun vun der Provënz Léck, dem Tony Hosmans, e Mëttwoch. Entwarnung konnten d'Autoritéiten awer net ginn.
D'Situatioun am Naturschutzgebitt Héije Venn géing "komplizéiert" bleiwen, sou den Hosmans weider. De Brand wier op e puer Plazen nees opgeflaamt an et géing "sëllege Brandhäerde" ginn, déi souwuel um Buedem wéi och aus der Loft bekämpft musse ginn.
Wéinst de Wiederkonditioune konnten Helikopter a Läschfligeren e Méindeg net starten, eréischt zanter en Dënschdeg ginn d'Pompjeeën nees aus der Loft ënnerstëtzt. Ënnert anerem déi däitsch Bundeswehr hat zwee Helikopter mat Läschwaasserbehälter an d'Gebitt geschéckt.
Duerch de mouerzegen Terrain am Naturschutzgebitt ass den Asaz op der Plaz nach méi schwéier. De leschten Deel, deen huet missen agedämmt ginn, war e schwéier zougänglecht Gebitt un der däitscher Grenz. D'Secouristen hunn déi ganz Nuecht op e Mëttwoch doru geschafft, deen Deel zouzekréien.
D'Stad Monschau an Däitschland huet iwwerdeems e Mëttwoch och d'Evakuéierung vun enger Rei Stroossen opgehuewen, déi wéinst de Bëschbränn an der Belsch ordonéiert gi war. Déi Betraffen aus de Quartiere Ruitzhof a Geisberg kéinte "mat effet immédiat nees an hir Haiser zeréck". Eng 30 Awunner waren zanter e Sonndeg vun der Evakuéierung an der Gemeng an Nordrhein-Westfalen betraff.
D'Feier ass de gréisste Bëschbrand an der Belsch zanter 1911, wéi et am selwechte Gebitt wärend enger änlecher Drécheperiod zu uerge Bëschbränn koum. D'Ursaach fir den aktuelle Brand ass nach onkloer.
De belschen Autoritéiten no kann et Wochen oder souguer Méint daueren, bis am Naturschutzgebitt Entwarnung ka gi ginn. A Mouere wéi dem Héije Venn kënne Bränn nach laang ënnerierdesch weider brennen, och wann un der Uewerfläch keng Flame méi ze gesi sinn. "Op den éischte Bléck schéngt et, wéi wann d'Lag ënner Kontroll wier, ma et kann ëmmer nees zu engem Opflame kommen, well et aus grousser Déift nees héichkënnt", esou d'Spriecherin Stephanie Ernoux der AFP géigeniwwer e Mëttwoch.