
D'Läich, déi am Departement Gers fonnt gouf, ass tatsächlech déi vu Lyhanna. Dat huet de Parquet dëse Freideg confirméiert. D'Doudesursaach konnt awer nach net festgestallt ginn.
Schonn en Donneschdeg war op engem landwirtschaftleche Betrib, no beim Duerf Puycasquier "eng Läich fonnt ginn, déi warscheinlech déi vun engem Kand ass, an déi Kleeder un hat, déi deene vun der verschwonnener an entfouerter Mineure entspriechen“, hat de Procureur vu Agen, den Olivier Naboulet, an engem Communiqué erkläert.
Den Haaptverdächtegen, de Jérôme B., e 41 Joer ale Mann a Papp vun zwee Kanner, war e Méindeg ë.a. wéinst Entféierung ugeklot a festgeholl ginn. Hien huet d’Lyhanna kannt, well si mat senger Duechter befrënnt war. Engem responsabele Vertrieder aus der Landwirtschaft am Gers no hat hien och schonn op deem Betrib geschafft, wou d'Läich fonnt gouf.

Zanter Ufank der Woch hunn nei Erkenntnisser iwwer seng Vergaangenheet e beonrouegende Profil gezeechent. Et geet dobäi ëm eng Rei vu Meldungen a Plainte géint hien, dorënner och wéinst Vergewaltegung vun engem Mannerjäregen.
No Informatioune vun der Procureurin vun Auch, der Clémence Meyer, gouf et schonn 2022 an 2025 Plainte géint de Mann. Déi éischt Affär gouf ouni weider Suite agestallt, wärend d'Ermëttlunge fir déi zweet nach ëmmer lafen.