
D'Europäesch Union wäert eng Hëllef an Héicht vun 100 Milliounen Euro decidéieren, fir d'Arméi vu Libanon z'ënnerstëtzen, nodeems e Mëttwoch en Accord iwwert eng Wafferou tëscht Israel a Libanon annoncéiert ginn ass. Déi Enveloppe géing dem libaneesesche Staat dobäi hëllefen, säi Waffemonopol z'affirméieren an doduerch net-staatlech Acteure wéi d'Hisbollah ze desarméieren, sou d'EU-Aussebeotraagt an engem Communiqué.
De beschte Wee, d'Hisbollah z'eliminéieren, wier, de Libanon ze stäerken, sou d'Kaja Kallas weider. Déi libaneesesch Arméi wäert sech a verschiddenen Zonen am Süde vum Land ausbreeden, nodeems déi israeelesch Arméi vun do ofgezu wäert sinn, huet de Premier Nawaf Salam en Donneschdeg annoncéiert. Dat ass de Plang, dee vun der pro-iranescher d'Hisbollah entretemps refuséiert ginn ass.