
De Chef vun der Hisbollah Naïm Qassem huet e komplette Waffestëllstand gefuerdert an de Réckzuch vu sämtlechen israeeleschen Truppen aus dem Libanon. De Feind aus Israel dierft net méi d'Erlabnis hunn, Leit ëmzebréngen, sou de Leader vun der Miliz an engem Message op der Tëlee. Hien huet déi libaneesesch Regierung opgefuerdert, déi direkt Gespréicher mat Israel ze stoppen, well se "eng Farce an eng Humiliatioun" wieren.
Déi jéngst getraffe Konditioun fir eng Wafferou mat Israel wier e "Fuerplang fir d'Zerstéierung vun engem Deel vum libaneesesche Vollek a fir d'Ënnerwerfung vun deem aneren Deel", sou de Qassem weider. Sou laang wéi hir Dierfer am Süden onsécher wieren duerch Bombardementer, wier och den Norde vun Israel net a Sécherheet virun Ugrëffer vun der Miliz.
Den Iran huet och nach emol d’Konditioun gestallt, datt d’israeelesch Arméi sech ganz aus dem Libanon zeréckzitt. Israel ass awer just bereet, dat ze maachen, wann d’Hisbollah hir Waffe néierleet.
Iwwerdeems ass de Präis vum Brent zréckgaangen. De Barrel kascht ëm déi 94 US Dollar. Déi dräi Deeg virdrun war e liicht eropgaangen. D’Marchéen hunn erëm e bësse méi Hoffnung, datt d’USA an den Iran en Accord fannen an esou den Transport vun de fossillen Energien duerch d'Strooss vun Hormus nees méiglech wier duerch.
Donieft ass en Donneschdeg de Moie mat engem serbeschen Zaldot e weidere Member vun der UNO-Friddensmissioun am Libanon bei enger Attack ëm d’Liewe komm. Et ass net gewosst, wie fir d’Attack verantwortlech ass.