Fräi politesch Tribün vum 23. Februar 2026LSAP & DP

RTL Lëtzebuerg
© Grafik RTL

An der Serie vun de fräie politesche Gespréicher déi vun der Regierung op RTL ugefrot a reservéiert sinn, héiert dir haut Vertrieder vun der LSAP an der DP.

Dat éischt Gespréich ass fir d’LSAP reservéiert, dat zweet fir d’DP.

An der Emissioun vun der LSAP schwätzen d’Madamm Paulette LENERT, Vizepresidentin vun der LSAP Chamberfractioun an den Här Kenichi BREDEN, Member vun der LSAP Partei Exekutiv. D’Thema ass: “Et geet ËMMER em de Patient”. D’Vertraue vum Patient an d’Medezin ass net blann, mee muss op Transparenz opbauen. Duerfir muss de Lëtzebuerger Gesondheetssystem sech nei Krittäre ginn, fir d’Qualitéit vun der Medezin objektiv ze erfaassen an ze garantéieren!

Tribune Libre LSAP Paulette Lenert & Kenichi Breden

An der Emissioun vun der DP schwätzt den Deputéierte Gérard SCHOCKMEL haut iwwert den nationalen Aktiounsplang zur digitaler Inclusioun, deen d’Ressortministesch Stéphanie Obertin rezent virgestallt huet. Dee Plang gesäit fir, datt jiddereen hei am Land ka mat an déi digital Méiglechkeete vun der Zukunft agebonne ginn.

Tribune libre DP Gérard Schockmel

Back to Top
CIM LOGO