Fligere vu Lëtzebuerger Fluchgesellschaft aktuell bei 98%Embraer erwaart sech laangfristeg eng Zouverlässegkeet vun 99,4 Prozent vun de Luxair-Maschinnen

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes vun e Mëttwoch den Owend betount Embraer nach eng Kéier d'Virdeeler vun hirem E2-Modell.
© Steve Müller

D’E2 wier ënnert anerem “weltwäit am luesten” a géing am mannste Sprit vun alle sougenannte “Small narrowbody aircrafts” verbrauchen. Den Design an d’Gewiicht vum Fliger géingen deemno dozou bäidroen, “déi plangméisseg Zouverlässegkeet vun der weltwäiter E2-Flott op 99,4 Prozent eropzesetzen”.

Zwar hätt d’E2, déi d’Luxair zanter Kuerzem huet, ufanks e puer “betriblech Erausfuerderungen” gehat an hätt aktuell eng Zouverlässegkeet vu just 98 Prozent. Ma Embraer erwaart sech, “datt si am Laf vum Betrib déi global Zouverlässegkeet vun der Flott vun 99,4 Prozent erreeche wäert”.

De brasilianesche Fligerproduzent betount iwwerdeem och nach emol, datt de Fliger, déi “rouegst Kabinnen um Marché” a keng Mëttel-Sëtzer hätt.

D’Schreiwes vun Embraer:


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO