Fir Fans vun deene richtegen Offroader ass de Pickup nach ëmmer eng ganz interessant Alternativ zu deenen dach deiere Kandidaten à la Mercedes G-Klass oder Landrover Defender. An dëser Kategorie behaapt sech och den Toyota Hilux nach ëmmer gutt a start elo an déi 9. Generatioun. De Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun a Bulgarien derbäi.
Pickups si richteg Schaffpäerd an dowéinst net onbedéngt besonnesch komfortabel oder aerodynamesch. Vun der Ëmweltbilanz guer net ze schwätzen. Mee do soll den neien Toyota Hilux elo an eng nei Richtung goen.

Den Design
Ecken a Kanten, domat léisst sech den Design vu bausse resuméieren, mat e bëssen Inspiratioun vum grousse Brudder Landcruiser, vläit och vum hypermodernen C-HR. Mee awer gefälleg, zemools an der gëllener Presentatiounsfaarf. A seng Virdeeler huet de kubeschen Design virun allem bei der Iwwersiicht. Iwweregens kënnt den Hilux nach just mat duebeler Kabinn an enger Benne vun iwwert engem Kubikmeter Volume.

Den Interieur
Fir een Utilitäre nawell gutt gelongen. Den Tableau ass relativ einfach gehalen, déi gängeg Commande sinn all ze fannen, a fir deen een oder anere Krom genuch Oflagen do. Sëtzen deet een och gutt, allerdéngs net wann een iwwer 1m90 grouss ass, do géing ech mer dann awer méi Verstellberäich a Beefräiheet wënschen. Soss feelt et a punkto Luxus un näischt, vum gehëtzte Steier bis zum Soundsystem huet den Hilux quasi alles u Bord.

Den Undriff
Engersäits bleift Toyota beim Diesel-Undriff, an zwar a Form vun engem 2,8 Liter Turbo mat Allrad, 204 PS an 48 Volt-Mildhybrid-Technik. E Motor deen, esou Toyota Belux, d’Clienten onbedéngt brauchen a wëllen. Anerersäits geet den Hilux awer och nei Weeër, an zwar ganz elektresch. Deen éischten Elektro-Hilux krut eng ronn 60 kW-Stonne grouss Batterie a säi Chassis integréiert – ronn 200 PS leeschten déi 2 Motoren, maximal 140 km pro Stonn Spëtzt esou wéi 257 km Autonomie gi versprach.


Op der Strooss
Nujee, net ganz. Et wier eng Frechheet, wa mer esou een Allrad-Talent wéi den Hilux just um glate Macadam gefuer wieren. Nee nee, Toyota huet hiren neiste Worf net geschount an eis domat duerch de mätschege Bulli, iwwer déck Steng, rau Bëschweeër a géi Bierger op an of geschéckt. A wat soll ech soen, den Hilux mécht dat!

Do wou bei mir de Popometer scho laang Raute gewénkt huet, hunn esou gutt déi komplett adaptiv Transmissioun vum Diesel esou wéi och de permanenten Allrad vum Elektro sech eréischt richteg wuelgefillt. Traktioun ass ëmmer do, d’Fuerwierk verkraaft déi déifste Lächer a komplizéierst Verschränkungen a béid Motoren geet d’Kraaft net aus. Mat Elektro-Undriff ass den Hilux esouguer nach e bësse méi souverän. Wann hei och d’Buedemfräiheet bal 10 cm verléiert, bleift de Plus u Gewiicht beim BEV mat just 250 Kilo nach a Moossen.

Lueden an zéien dierf en awer net esou vill; 710 amplaz vun enger Tonn dierfen op d’Benne a just 1600 un de Krop amplaz 3500. Op normaler Strooss mécht den neie Hilux säi Match awer och gutt. Geräischer hale sech zeréck, d'Fiederung ass awer typesch trampeleg, d’Steierung relativ onpräzis. Och wierkt den Diesel e bësse méi midd wéi den Elektro.

Am Resumé
Wiem déi net grad kompakt Moossen näischt ausmaachen, dee kritt beim neien Hilux eppes wéi ee Schwäizer Täschemesser. De Präis läit allerdéngs och op deem Niveau. Ënner 50.000 leeft net vill, éischter 60 fir den Diesel oder 70.000 fir den Elektro muss ee beim neien Hilux virgesinn.
