Den Äffche koum am Juli zejoert am Ichikawa-Zoo, net wäit vun Tokio op d’Welt, gouf no senger Gebuert vu senger Mamm verstouss. Fir sech net eleng ze fillen, krut de “Punch” vun de Fleeger am Zoo en Ikea-Petzi a Form vun engem Orang-Utan geschenkt. Séier sinn d’Biller vum Bëbee-Af viral gaangen, op deenen hien de Petzi mat sech ronderëm schleeft a sech un e klammert. De klengen Af gouf nämlech net just vun der eegener Mamm ewechgestouss, mä och vun den aneren Afen am Zoo. Déi sëllege Videoe goufe Millioune Mol geklickt.
Mee net just am Internet huet de Punch d’Häerzer vun den User eruewert. Honnerte vu Visiteure sinn zanterhier an den Zoo gestiermt fir den klengen Äffche live ze gesinn. Mee et gëtt och Kritik. D’Déiereschutzorganisatioun Peta reprochéiert dem Zoo beispillsweis, bewosst näischt géint dem Punch seng Situatioun z’ënnerhuelen, fir vu senger schwéierer Situatioun ze profitéieren.
Dem Punch seng traureg Geschicht hat awer nach en aneren Effekt: Wéi et vun IKEA heescht, wier den Orang-Utan-Petzi entretemps a Japan, Südkorea an Deeler vun den USA ausverkaaft.
Um Enn dann awer en Happyend: D’Déierefleeger vum Ichikawa-Zoo hu gemellt, datt de Punch sech mëttlerweil lues a lues nees an de Makacke-Grupp integréiert. Et koum souguer zu enger éischter richteger Ëmäerblung ënner sengesgläichen.
De Petzi wäert da wuel geschwënn ignoréiert ginn.