Neie Presto mam PicassoWisou ass de Picasso ee vun de bekanntste Kënschtler?

Patricia Baum
De neien Episod Presto iwwer de Phenomen Picasso a säi Wierk mam Titel „Guernica“.
1. Episod vum Presto mam Picasso
De neien Episod Presto iwwer de Phenomen Picasso a säi Wierk mam Titel „Guernica“.

De Pablo Picasso, deen 1881 op d'Welt komm ass, ass als Matbegrënner vum Kubismus an d'Geschicht agaangen. Zu senge bekanntste Wierker gehéiert Les Demoiselles d’Avignon angëllt haut als Schlësselbild fir déi klassesch Moderne. Ma et ass awer en anert Bild vum Picasso dat op d'mannst genau sou bekannt ass, an als dat bedeitendst Antikrichsbild aus der moderner Konscht gëllt: Et handelt sech ëm d'Wierk Guernica.

Dat monumentaalt Bild vun 27 Quadratmeter, war eng Commande vun der republikanescher spuenescher Regierung fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis. Natierlech war zu deem Zäitpunkt net den Optrag en Antikrichsbild ze molen, mä Spuenien ze representéieren. Dat mam Zil, de modernen Zäitalter an déi technologesch Fortschrëtter ze präsentéieren. Ma de Krich an de Picasso haten aner Pläng. Mä dozou spéider méi.

De Picasso war zu Liewenszäiten schonn en unerkannte Kënschtler an huet am Laf vu senger Karriär ëm déi 50.000 Wierker kreéiert, vu Molereien, Zeechnungen, Grafike bis hin zu Keramiken. Mat sengem bekannte Wierk Les Demoiselles d’Avignon huet de Picasso 1907 de Grondsteen fir dat kubistesch Denken festgeluecht. Déi éischt Schrëtt an de Kubismus ware net einfach, d'Reaktioune ware bal all negativ an de Picasso ass schaarf vu sengem Ëmfeld a souguer vu senge Frënn kritiséiert ginn.

Als onmoralesch ass den neie Stil wouergeholl ginn. Ma wat ass eigentlech de Kubismus? Kuerz: déi traditionell a klassesch Mechanismen an der Molerei sinn iwwer Bord geschmass ginn. Deformatioun, Formenrythmus, polyvalent Perspektiven an an an. D'Lëscht ass laang, dofir zréck bei de Picasso.

De Kënschtler ass haut an d'Geschicht agaange fir säin ëmfangräicht Wierk an den Afloss, deen hien op de Verlaf vun der Konschtgeschicht hat.

E klengen Funfact iwwer de Picasso

Mat 13 Joer huet hie seng Zeechnunge mat P. Ruiz signéiert an huet 3 Joer méi spéit, 1897 ugefaangen, mat P. Picasso ze ënnerschreiwen. Dem Pablo Picasso säi komplette Numm besteet nämlech aus ganzer 19 Wierder: Pablo Diego José Francisco de Paula Juan Nepomuceno María de los Remedios Cipriano de la Santísima Trinidad Ruiz Picasso.

Säi Wierk mam Titel Guernica huet dogéint e simpelen Numm, ma dat wat dra stécht, ass et awer bei wäitem net.

Back to Top
CIM LOGO