Nieft dem Keanu Reeves sinn och d’Cameron Diaz oder de Martin Scorsese virun der Kamera ze gesinn.
Den Hollywood-Star Reef Hawk (Keanu Reeves) stoung fënnef Joer laang net méi virun der Kamera. No enger laanger Kuer, wou hie seng Drogesucht an de Grëff krut, wëll hien endlech nees an dat ëffentlecht Liewen zeréck. En anonymmen Erpressungsversuch wäert dem Reef seng Paranoia awer nees stimuléieren. Fir op d’Spuere vun engem verfänglechen a mysteriéise Video ze kommen, deen den Erpresser wëll publizéieren, entscheet de Reef sech dofir, all déi Leit, déi hien an der Vergaangenheet verletzt huet, opzesichen, fir sech z’entschëllegen.
Realiséiert vum Acteur Jonah Hill, deen hei eng genësserlech Performance als Agent ofliwwert, ass dës Produktioun, déi op Apple Plus ze gesinn ass, eng ganz ongläich schwaarz Komedie iwwer d‘Célébritéit, d‘Cancel Culture an d’Illusioun vun Authentizitéit. Hannert enger iwwerstiliséierter Ästhetik läit schlussendlech eng iwwerspëtzte Komedie, déi tëschent der Satir an der Selbsttherapie hin an hier schwankt. Am Endeffekt bleift Outcome eng faszinéierend Iddi iwwert Selbstreflexioun vun der Hollywood-Elite, déi ni ganz zu engem kohärente Film gëtt, an an där de Keanu Reeves an der Haaptroll genee esou grotesk wéi emouvant ass.