Wie kann hëllefen?Op der Sich no fréieren ESC-Opnamen

Raoul Roos
Déi Europäesch Rundfunkunioun EBU freet am Kader vu 70 Joer "Eurovision Song Contest" ëm Hëllef. Gesicht sinn al Opname vun 1956 an 1964.
D'Lys Assia hat den éischten ESC 1956 fir d'Schwäiz gewonnen
D'Lys Assia hat den éischten ESC 1956 fir d'Schwäiz gewonnen
© JACQUES MUNCH/AFP

Et ass een op der Sich no Opname vum Grand Prix aus den Ufanksjoren.

Konkret geet et ëm d'Joren 1956 a 1964. Zwou Sendungen, déi bis haut komplett an den Archive feelen.1956 war den éischte Grand Prix zu Lugano. 1964 war en zu Kopenhagen. Videobänner waren zu där Zäit extrem deier, goufen dacks iwwerspillt an eben net fir d'Éiwegkeet archivéiert. Et hätt een nëmme vereenzelt Opnamen, allerdéngs net déi ganz Show.

D'EBU hofft elo, dass et iergendwou op der Welt nach Opname vum Grand Prix '56 a '64 ginn. Egal, ob elo an den Archive vun Tëleessenderen oder och privat, wann een eng Opnam nach villäicht um Späicher fënnt.

Dass esou en Opruff kann zum Succès féieren, weist d'Beispill aus Finnland. Do ass et engem Sender gegléckt, den italieeneschen Optrëtt vu 1964 erëmzefannen. Wann Dir also déi komplett Sendung vun 1956 a 1964 doheem sollt hunn, mellt Iech bei eis!

Via Email: eurovision@rtl.lu
Via Telefon: +35242142-4242

Back to Top
CIM LOGO