Dausenden ËnnerschrëftenGrouss Oppositioun aus dem US-Filmsecteur géint d'Iwwernam vu Warner Bros. duerch Paramount

RTL mat AFP
Schauspiller, Regisseuren a vill aner Leit, déi am US-Filmsecteur schaffen, fäerten ëm d'Aarbechtsplazen an der Branche.
Eng riseg Fusioun steet un an der US-amerikanescher Mediewelt
D’Iwwernam vu Warner Bros. duerch Paramount kënnt net iwwerall gutt un.
© ROBYN BECK/AFP

Am Februar dëst Joer hat Paramount de Grupp Warner-Brothers-Discovery jo fir 111 Milliarden US-Dollar kaf. Den Deal ass awer aktuell nach net an dréchenen Dicher, well en nach vun der amerikanescher Autoritéit fir d’Konkurrenzrecht iwwerpréift gëtt.

Mediebranche stäipt sech géint d’Iwwernam

An engem Oppene Bréif, deen ënner anerem der New York Times an dem Variety-Magasinn virläit, wiere sech Dausende vun Acteuren a weider Beschäftegter aus der Branche géint dësen Deal. Schauspiller wéi de Ben Stiller, Jaoquin Pheoenix, Bryan Cranston oder Jane Fonda respektiv Regisseure wéi den JJ Abrams oder den Denis Villeneuve wiere sech géint dëse Megadeal a warne viru méigleche Suitten.

Dës Transaktioun wäert eng scho staark konzentréiert Medielandschaft weider konsolidéieren an d’Kompetitioun nach verréngeren. An dat an engem Moment, an deem eis Branche an d’Zilgruppen, déi mer bedéngen, sech dat am mannste leeschte kënnen”, steet an der Petitioun. “D’Resultat bréngt manner Méiglechkeete fir déi Schaffend, manner Aarbechtsplazen am Produktiounssystem, méi héich Käschten a manner Choix fir d’Audienz an den USA an an der ganzer Welt mat sech”, ass weider am Schreiwes ze liesen.

Am Februar hat Paramount Skydance matgedeelt, datt ee Warner Bros. fir ronn 111 Milliarden Dollar wëll iwwerhuelen. Zu Warner Bros. gehéiere Franchise wéi “Harry Potter”, “The Lord of the Rings” oder och “Game of Thrones”. Och Netflix hat Interessi dru gewisen, fir Warner Bros. ze kafen. Vu villen Insider zu Hollywood war dëst als “déi manner schlecht” vun den zwou Optiounen ugesi ginn.

Déi gréissten Angscht vun de Leit, déi am Secteur schaffen, ass eben, datt duech dës Iwwernam vill Aarbechtsplaze wäerten ewechfalen. An dat net just bei den Acteuren a Regisseuren, mä queesch duerch d’Bänk. Vum Personal um Set, iwwer d’Leit, déi fir de Make-up zoustänneg sinn, iwwer d’Chauffere vun de Limousinnen an d’Foodtruck-Besëtzer: Jidderee fäert duerch dësen Deal ëm seng Aarbechtsplaz. Well, sollt d’Autoritéit fir d’Konkurrenzrecht dësem Deal zoustëmmen, ginn et an den USA nach just véier grouss Filmstudioen.

Och wa Paramount, där hir Offer wuel vum US-President ënnerstëtzt gouf, versprach huet, op d’mannst 30 Filmer am Joer ze produzéieren, huet dat de Leit am Secteur d’Angscht net geholl.

Back to Top
CIM LOGO