Zanter dem August zejoert ass déi sougenannt “Lart Universe Gallery” fir de Public op, ma awer eréischt elo, mat der neier Galeristin Martina Barbuto, gëtt dës offiziell lancéiert. Op zwee Stäck kritt een an der Galerie nieft museale Wierker aus dem Surrealismus och ëmmer nees verschidden Aarbechte vun zäitgenësseschen an internationale Kënschtler ze gesinn.
Dee wuel bekanntsten Numm, deen an dëser Galerie ze fannen ass, ass de Salvador Dalí, dee mat verschiddene Bronzestatuen a Molereien dat ganzt Joer iwwer vertrueden ass. De spuenesche Kënschtler, deen am 19. Joerhonnert aktiv war a virun allem fir seng Uelegmolereie vu verschwommenen Auere bekannt ass, war enk mam Konschtsammler Beniamino Levi befrënnt an huet esou elo säi Wee op Lëtzebuerg fonnt. Aus enger Frëndschaft ass an de 1960er Joren den “Dalí Universe”, mam Beniamo Levi als President, entstanen an 2023 gouf doraus “Lart Universe”, eng nei Konschtplattform, déi sech méi breet op d’Ausstelle vu modernen an zäitgenëssesche Kënschtler fokusséiere soll. Nieft dem Salvador Dalí, sinn och vereenzelt Wierker vun anere Kënschtler, wéi zum Beispill dem Mariko, dem Francesco Polenghi oder dem Shen Xin ausgestallt.
Op der ganzer Welt fënnt ee Muséeën, Galerien an aner kulturell Initiative vu “Lart Universe”. D’Martina Barbuto, déi viru ronn dräi Méint aus Italien op Lëtzebuerg komm ass, këmmert sech also elo ëm déi nei Extensioun am Grand-Duché. Wéi et heescht, wier Lëtzebuerg zum enge wéinst senger zentraler Lag an Europa, ma awer och wéinst sengem Finanzsecteur a senger Multikulturalitéit fir eng Galerie erausgesicht ginn. Ufanks wier och vun engem Musée rieds gewiescht, schlussendlech hätt ee sech awer fir eng Galerie entscheet, well et am noen Ëmkrees, zu Paräis an zu Bruges, scho Muséeë vu “Lart Universe” ginn an ee sech keng Konkurrenz wollt maachen.
Ma och wann et sech heibäi ëm eng Galerie dréint, brauch een awer net ze fäerte bis eran ze goen a sech déi vill Wierker, och ouni Kafwonsch, unzekucken. D’Galeristin freet sech op all Visiteur an erkläert engem gären déi verschidde Geschichten hannert deenen eenzele Konschtstécker.
Den 13. Abrëll geet och déi éischt temporär Ausstellung vum italieenesche Kënschtler Fausto De Nisco um zweete Stack vun der Galerie op an duerno kann ee sech op weider Ausstellunge vun internationalen Artiste freeën.