"État Bruit"Eng Expo an der Konschthal ronderëm de Kaméidi

Sophie Becker
Siwen zäitgenëssesch Artiste setze sech mam Sujet "Kaméidi" auserneen.

An der Konschthal zu Esch kann een zanter Enn Mäerz d'Expo "État Bruit" gesinn. Wéi den Titel et scho verréit, geet et hei virun allem ëm dat, wat mer héieren. An der Ausstellung ginn e Kollektiv vu siwen contomporainen Artisten der Fro vum Kaméidi op de Gronn. An multimedialer Form féiert d'Expo de Spectateur duerch eng Geräischkuliss, déi eis dacks am alldeegleche Liewe begleet, bewosst ewéi onbewosst.

Normalerweis wann een eng Ausstellung betrëtt, kënnt een an e Raum wou Rou ass. Dacks gëtt net vill geschwat an et héiert ee keng Geräischer. Ma net esou bei der Expo "État Bruit". Scho virun der Dier gëtt een nieft dem normale Stroosseverkéier op Geräischer opmierksam, déi aus enger grousser Soundinstallatioun op Rieder kommen. D'Medien mat deenen, déi insgesamt siwe Kënschtler dem Thema Sound begéine si villsäiteg. Et geet vu Fotografie iwwer Installatioun, Video oder kineetesch Konscht.

Fir den Opbau vun der Expo war et dem Curateur Charles Wennig wichteg, datt all Kënschtler säin eegene Espace kritt, ouni datt awer de Lien tëscht den Aarbechte verluer geet. Och Thematik vun der Aktualitéit spillt eng grouss Roll.

Um leschte Stack vun der Konschthal trëfft een op eng Aarbecht vum Kënschtlerduo Brognon-Rollin. D'Koppel, déi fir hier Aarbechten tëscht Lëtzebuerg a Paräis pendelen, kennt een ënner anerem fir hir Droneshow, déi si am Oktober vum leschte Joer fir den Trounwiessel kreéiert haten. An der Konschthal presentéieren d'Stéphanie Rollin an den David Brognon eng Jukebox, déi am Géigesaz zu enger normaler Jukebox keng Lidder rausspäizt, mee "Schweigeminuten".

Nach bis den 20. September kann een sech "État Bruit" op Esch an d'Konschthal ukucke goen.

Back to Top
CIM LOGO