Dës Woch am Passepartout weise mir Iech e Portrait vum Illustrateur, Grafiker an Auteur Pe'l Schlechter, deen e Méinde Gebuertsdag gefeiert huet.
An der Expo "Etat Bruit" an der Konschthal zu Esch geet et ëm de Kaméidi. Mir waren an d'Buvette vun de Rotonden zwou nei Installatioune kucken.
Mir ginn Iech en Abléck an d'Welt vum Leo Tolstoy sengem "Anna Karenina" an an eisem neie Presto geet et ëm de Picasso.
“Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, och am Replay an op RTL Play!