
An “Desertion” zielt si d’Geschicht vum Brudder vun hirem Bop, dem Josy Lorang. Hie gouf 1942 vun den däitsche Besatzer zwangsrekrutéiert. A Russland ass hien desertéiert, gouf awer kuerz drop nees agefaangen, an e Mount drop erschoss. Viru senger Hiriichtung gouf de Josy vun engem Paschtouer betreit. Aus deem senger Perspektiv gëtt de Film a Réckblenden erzielt. “Desertion” ass ouni Subventiounen, also aus eegener Täsch, finanzéiert a komplett um iPhone gedréint! Mat spille Laienduersteller a Benevollen, wéi zum Beispill vu “Lux Reenactment”. Am ganzen huet d’Aarbecht um Film zwee Joer gedauert.
Der Chantal Lorang hire Mann, de Marc Erang - um Toun vum Film bedeelegt – am RTL Interview.
Den Owend ass zu Esch am Musée de la Résistance eng méi speziell Film Virféierung.