Nationalmusée um FëschmaartDéi aussergewéinlech Wierker vum Berthe Brincour

Isabelle Gillen
Am Nationalmusée um Fëschmaart ginn an enger Retrospektiv-Ausstellung Konschtwierker vun der Lëtzebuergerin Berthe Brincour gewisen. Et ass no 80 Joer nees fir déi éischte Kéier, dass d’Wierker vun der quasi onbekannter Pionéierkënschtlerin an enger Solo-Ausstellung gewise ginn.

Et ass en Numm, deen an der Lëtzebuerger Konschtzeen net oft genannt gëtt, ma d’Berthe Brincour gehéiert awer zu enger vun de wichtegste Kënschtlerinnen aus dem 19. an 20. Joerhonnert. Hir Molereie mat Tënt, Ueleg- oder Bläistëftsfaarf waren zu Liewenszäiten ëmmer nees an europäeschen Ausstellungen ze gesinn.

Iwwert d'Joren ass d'Kënschtlerin awer zu Lëtzebuerg a Vergiessenheet geroden a gëtt elo vum Nationalmusée an enger éischter Solo-Ausstellung, ronn 80 Joer no hirem Doud, nei fir hir Aarbechte geéiert. D'Ausstellung ass eng kollaborativ Aarbecht tëschent verschiddene Servicer vum Nationalmusée, dem Service Conservation et Restauration an dem Service Beaux-Arts, esou wéi dem Lëtzebuerger Konschtarchiv.

Eng Fra mat Privileegien

D'Berthe Brincour gouf 1879 als eent vun dräi Kanner an der Stad Lëtzebuerg gebuer, wou si als Meedche vum Marie Huber an dem Affekot a Member vum Parlament, Joseph Brincour, grouss ginn ass. Am Géigesaz zu villen anere Fraen an dëser Zäit hat d'Berthe Brinocur duerch hir Familljesituatioun d'Chance an déi néideg Mëttel, fir als Kënschtlerin aktiv ze sinn.

No der Schoul, huet si vun 1899 bis1905 op der Damen-Akademie vum Kënschtlerinne-Veräin zu München studéiert an huet geléiert, klassesch ze zeechnen an ze molen. Vu 1903 bis 1907 huet si ausserdeem zu Dachau bei Münche gelieft, wou si virun allem bayresch Landschaften, sief et am Grouss- oder Klengformat, gemoolt huet. Dëst si Wierker, déi een an deem Stil bei ville Kënschtler an dëser Zäit erëmfënnt a fir déi d'Kënschtlerin dacks gelueft gouf. Eréischt méi spéit an hirer Karriär huet sech hiren eenzegaartege Konschtstil erauskristalliséiert.

D'Berthe Brincour huet hir Wierker nieft Lëtzebuerg, wou si ëmmer nees beim CAL, dem Cercle Artistique de Luxembourg, ausgestallt huet, och reegelméisseg a solo-Ausstellungen zu Paräis presentéiert. D'Lëtzebuerger Kënschtlerin ass vill an hirem Liewe gereest a war op deenen ënnerschiddlechste Platzen an Europa doheem, och an der Schwäiz, wou vill vun hire bekannten Molerei mat Tënt entstane sinn. Si huet sech ëmmer nees vu neie Plaze kreativ inspiréiere gelooss, ier si 1941 zeréck an hir Heemescht koum, wou si 1947 am Alter vun 68 Joer gestuerwen ass. D'Kënschtlerin selwer war ni bestuet an hat och keng Kanner.

"E stiliséierte Realismus"

Wann een d'Ausstellung am Nationalmusée betrëtt, gëtt ee als éischt mat de Landschaftsmolereien an enger Rei perséinlechen Objeten aus der Kënschtlerin hirer Privatsammlung konfrontéiert. No hirem Doud 1947 goufen der Berthe Brincour hir Wierker un d'Stad Lëtzebuerg iwwerginn a gehéieren zanterhier zu der Sammlung vum nationale Konschtarchiv. Fir d'Ausstellung op d'Been ze stellen, hat de Musée zousätzlech en Opruff gestart, fir nach weider Wierker vun der Kënschtlerin aus Privatsammlungen ze fannen an auszestellen.

Wann ee weider duerch d'Ausstellung geet, mierkt ee séier, dass d'Berthe Brincour net nëmme Landschafte gemoolt huet, mee sech och fir de mënschleche Kierper interesséiert huet. De Batty Weber, esou huet d'Curatrice vun der Ausstellung Lis Hausemer, gesot hätt deemools bei dëse Wierker vun engem "stiliséierte Realismus" geschwat. Effektiv sinn der Berthe Brincour hir figurativ Duerstellungen direkt als Mënschen ze erkennen an enthalen definitiv realistesch Elementer. Ma trotzdeem fënnt een och eng Duussheet an de Wierker erëm, déi virun allem duerch d'Faarwen zum Ausdrock kënnt.

Eng Serie mat plakege Männerkierperen, zum Beispill, stellt esou e Kontrast tëschent der stilistescher Molweis an de Kierperen duer, déi sech meeschtens an engem Zoustand vu Leed befannen. D'Männer befanne sech an dacks onnatierleche Positiounen, strecken oder bécke sech an hir Muskelen a Gelenker stieche besonnesch ervir. Déi figurativ Konschtwierker markéieren e Wiessel an der Kënschtlerin Aarbecht a sinn am Verglach zu de Landschaftsbiller besonnesch expressiv.

Et ass net gewosst, ob d'Kënschtlerin dofir mat richtege Modeller geschafft huet, oder d'Motiver fräi erfonnt huet. Generell ginn et net vill Informatiounen iwwert d'Aart a Weis, wéi d'Berthe Brincour geschafft huet a wat si mat hire Biller ausdrécke wollt. Wat bei dëse Biller interessant ass, ass dass och nach d'Skizzen existéieren, déi de Musée donieft opgehaangen huet. Et ass eng vun de sielene Kéiere, wou een erkennt, wéi d'Kënschtlerin geschafft huet. Op de Skizzen huet si sech e Rastermuster opgezeechent, fir d'Bild esou méi einfach op dee finalen Ënnergrond ze iwwerdroen. Dës Wierker si virun der Ausstellung restauréiert ginn.

Am Schwäizer Exil

Als Lescht kënnt een an der Ausstellung an e Raum, an deem eng Rei Tëntmolereie vum Berthe Brincour ausgestallt sinn. Vu 1919 bis 1924 huet d'Kënschtlerin zu Genève a vu 1931 bis 1934 zu Lausanne an der Schwäiz gelieft, wou si besonnesch vill mat encre de chine gemoolt huet. D'Alpe sinn e Motiv, wat een ëmmer nees an hire Wierker erëmfënnt. D'Tëntmolereien aus dëser Ausstellung solle, méi spéit am Liewe vun der Kënschtlerin entstane sinn a goufen eng éischt Kéier an enger solo-Ausstellung 1928 zu Paräis dokumentéiert.

Op de Biller sinn déi Schwäizer Alpen a Flëss ze gesinn a si nieft Tënt, och mat Bic a Waasserfaarf gemoolt. Et ass déi gréisste Serie aus hirer Sammlung an och oft déi Konschtrichtung, déi d'Leit am meeschte mam Berthe Brincour verbannen. Oft ginn dës Wierker mat Japanescher Konscht verglach, dee geneeën Hannergrond bleift awer onbekannt.

D'Berthe Brincour war eng villsäiteg Kënschtlerin, déi sech net op ee Stil beschränkt huet. Zu hiren dräi Haaptkategorie gehéiere Landschaften, Mënschen an Tëntmolereien. D'Ausstellung am Nationalmusée um Fëschmaart presentéiert eng Retrospektiv iwwert bal 70 Joer vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi beweist, wéi eenzegaarteg d'Berthe Brincour an hir Konschtwierker fir hir Zäit waren. Bis den 10 Januar 2027 kann een d0Ausstellung all Dag, ausser méindes, kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO