Elo am TheaterDe Frank Hoffmann bréngt "Anna Karenina" op d’Bün vum TNL

Isabelle Gillen
Am Nationaltheater gëtt et den Ament e russesche Literaturklassiker aus dem 19. Joerhonnert ze gesinn, inzenéiert vum Frank Hoffmann, mat engem Bünebild vum däitsche Moler Ben Willikens.
Theaterstéck "Anna Karenina" nom Roman vum Lew Tolstoi
An den Haaptrolle spillen de Luc Schiltz, d’Carolin Freund an den Nickel Bösenberg.

De Roman “Anna Karenina” vum Leo Tolstoy, erzielt d’Geschicht vum Anna, enger bestueter Aristokratin, déi no enger Affär mat engem anere Mann, vun der Gesellschaft ausgegrenzt gëtt an domat konfrontéiert ass, wat et heescht, eng Fra ze sinn. Et ass en Theaterstéck iwwer d’Léift, Bezéiungen a Gléck, wat souwuel dramatesch, wéi och witzeg Momenter mat sech bréngt an deem seng Themen och no bal 150 Joer net u Relevanz verluer hunn.

An der Fassung vum Florian Hirsch, déi de Frank Hoffmann fir den TNL adaptéiert huet, sti 7 Personnagen aus dem ronn 1.000 Säite laangem Roman vum Tolstoy an zäitgenëssesche Kostümer op der Bün. Et wier net einfach esou eng laang Geschicht fir eng Theaterbün unzepassen. Dofir hätt de Florian Hirsch sech fir d’éischt iwwerluecht, wéi eng Personnagen onbedéngt am Theater musse vertruede sinn an huet vun do aus de Rescht vun der Erzielung ronderëm gebaut.

Am ganzen 3 Koppelen hunn et also elo op d’Bün vum TNL gepackt. D’Anna, säi Mann, de Karenin a seng Affär, de Wronski, gi vum Carolin Freund, Nickel Bösenberg a Luc Schiltz gespillt. Donieft fënnt een och de Marc Baum an d’Christiani Wetter als Lewin a Kitty, oder de Luc Schiltz an d’Nora Koenig als Stiva an Dolly am Stéck erëm. Esou entwéckelt sech am Laf eng Geschicht, an där d’Personnagen um Enn bal alleguer ouni Erfolleg op der Sich nom Gléck, onglécklech duerch d’Liewe ginn.

De Frank Hoffmann wollt “Anna Karenina” scho virun e puer Joer am TNL spillen, war sech deemools awer onsécher, ob dëst an Zäite vu Krich tëschent Russland an der Ukrain dee richtege Choix wier. Elo huet hie sech dann awer fir de Roman entscheet, dat well d’Themen, déi an dëser Geschicht ze fanne sinn, absolut universell sinn an näischt mat den aktuelle politesche Situatiounen an Europa ze dinn hunn.

“Mir hunn awer dunn e bësse méi an d’Déift gekuckt an “Anna Karenina” vum Tolstoy ass en esou zudéifst humanen Text. En Text, deen och zum Beispill eng Situatioun vum Krich beschreift, total kritesch, also guer net op der Putin-Linn. Also, ech mengen et kann een och elo déi grouss russesch Literatur net dorop zréck briechen, op dat wat haut den Ament an der russescher Politik passéiert. An dofir huet et e bësse gedauert, bis mer d’Kand op d’Welt bruecht hunn.”

D’Bünebild fir “Anna Karenina” huet den däitsche Moler Ben Willikens entworf, deen och schonn an der Vergaangenheet mam Frank Hoffmann fir den TNL geschafft huet. Wéi seng Molereien ass och seng Bün minimalistesch gehalen. Hie wéilt net, dass d’Bünebild vum Theaterstéck oflenkt, ma soll d’Handlungen éischter komplettéieren. Dofir ass den Dekor och modulär a verännert sech am Laf vun der Geschicht esou, dass de Raum no hannen hin ëmmer méi enk gëtt, wéi e Prisong. De Raum steet symbolesch fir de Personnagen hir erfolleglos Sich nom Gléck a soll hier ënnerlech Gefaangeschaft erëmspigelen.

“Anna Karenina” gëtt de 17., 18., 29. an 30. Abrëll an den 3. a 5. Mee am TNL gespillt.

Back to Top
CIM LOGO