Ëmmer Dënschdes um 20 Auer"Dangerous Truth – Das zweite Attentat" op RTL ZWEE an RTL PLAY

RTL Lëtzebuerg
D'Serie mat ënnert anerem dem Désirée Nosbusch besteet aus sechs Episoden à 45 Minutte pro Folleg. All Dënschdeg um 20 Auer kritt dir bei eis déi neisten Episod ze gesinn, dat op RTL Zwee an op RTL Play.
"Dangerous Truth - Das zweite Attentat"
All Dënschdeg um 20 Auer kritt dir bei eis déi neisten Episod ze gesinn, dat op RTL Zwee an op RTL Play.

Zanter 20 Joer lieft den Alex Jaromin mat senger Mamm ënner engem falschen Numm zu Athen, als Deel vun engem Zeie-Schutzprogramm vum BKA. Nom Doud vu senger Mamm fënnt den Alex eraus, datt den Doud vu sengem Papp a senger Schwëster am Joer 2003 net – wéi hien ëmmer geduecht hat – d’Wierk vu serbeschen Nationaliste war.

Seng Sich no der Wourecht bréngt un d’Liicht, datt déi däitsch Regierung säi Papp beoptraagt hat, op Bagdad ze reesen an e wichtegen Zeien zeréckzebréngen. D’Zil war et, déi bevirstoend Entscheedung vun den USA ze verhënneren, den Irak-Krich op Basis vun Informatioune vum BND-Informant “Curveball” unzefänken.

Regie: Barbara Eder
Production: Deal Productions
Cast: Désirée Nosbusch, Noah Saavedra, Deleila Piasko, Luc Schiltz, Jules Werner, Shiva Golamianzadeh

D’Serie besteet aus sechs Episoden à 45 Minutten. All Dënschdeg um 20 Auer kritt dir bei eis déi neisten Episod ze gesinn, dat op RTL Zwee an op RTL Play. Dono kann een, wann ee vu Lëtzebuerg aus streamt, d’Episod nach 30 Deeg laang op RTL Play kucken. Déi éischten Episod gëtt et schonn en Dënschdeg de 14. Abrëll.

Back to Top
CIM LOGO