Aktuell Optrëtter ofgesotDäitsche Komiker Torsten Sträter mécht Kriibserkrankung ëffentlech

RTL mat AFP
Den däitsche Kabarettist a Komiker Torsten Sträter huet en Dënschdeg bekannt ginn, datt hien en Tumor huet a seng Optrëtter am Abrëll dowéinst ofgesot.
Den Torsten Sträter bei der Première vun der 5. Staffel vu "LOL – Last One Laughing" am Mäerz 2024.
Den Torsten Sträter bei der Première vun der 5. Staffel vu “LOL – Last One Laughing” am Mäerz 2024.
© SVEN HOPPE/dpa Picture-Alliance via AFP

Den 59 Joer alen däitsche Komiker a Kabarettist Torsten Sträter, bekannt aus sëllege Fernseesendunge wéi “LOL: Last One Laughing”, huet en Dënschdeg op senger Internetsäit confirméiert, datt hie Kriibs huet. Vill Leit hätte sech an de leschte Méint gefrot, wat bei him lass wier, sou de Kënschtler, deen och scho mat Depressiounen ze kämpfen hat.

“Dommerweis ass et en Tumor – meng gesondheetlech Problemer sinn also éischter physescher Natur”, sou de Komiker.

Den Torsten Sträter huet weider erkläert, datt seng am Abrëll geplangten Optrëtter net kéinten ofgehale ginn. Hie wier an den Hänn vu kompetenten Dokteren, d’Behandlung wier awer esou intensiv, datt hie seng Optrëtter fir den Ament net kéint wouerhuelen.

“Am Mee gesäit dat scho ganz anescht aus – do gesi mir eis, an ech freeë mech drop”, sou säi Verspriechen, op d’Bün zeréckzekommen.

Zousätzlech huet de Komiker ugekënnegt, datt seng Show aus Erhuelungsgrënn an Zukunft méi kuerz wäert sinn. Amplaz vun den üblechen dräi Stonne kéint hie “vläicht nëmmen nach zwou Stonnen a 40 Minutte” spillen.

Ausserdeem huet hie fir Versteesdemech fir seng Situatioun gefrot. Et géif an der Natur vun esou Krankheete leien, datt ee sech op näischt anescht konzentréiere kéint a “fir d’éischt mol fir näischt anescht e Kapp huet”.

Den Torsten Sträter gëllt zanter Joren als ee vun de bekanntsten däitsche Komiker a Kabarettisten an trëtt nieft sengem eegene Programm och reegelméisseg an anere Fernseeformater op.

Back to Top
CIM LOGO