Actionfilm mam Tom CruiseD'Aarbechte fir "Top Gun 3" hunn offiziell ugefaangen

AFP
Den éischten "Top Gun"‑Film koum 1986 an d'Kinoen.
Hollywoodstar Tom Cruise schlüpft wieder in die Rolle des Kampfpiloten Pete "Maverick" Mitchell: Die Arbeiten an dem Film "Top Gun 3" haben offiziell begonnen.
Hollywoodstar Tom Cruise schlüpft wieder in die Rolle des Kampfpiloten Pete “Maverick” Mitchell: Die Arbeiten an dem Film “Top Gun 3" haben offiziell begonnen.
© AFP

Den Hollywood‑Stär Tom Cruise iwwerhëlt nees d’Roll vum Kampfpilot Pete “Maverick” Mitchell: D’Aarbechten un „Top Gun 3“ hunn offiziell ugefaangen. D’Dréibuch ass scho wäit fortgeschratt, huet de Co‑Chef vum Filmstudio Paramount Pictures, de Josh Greenstein, en Donneschdeg um zu Las Vegas erkläert. Den Tom Cruise wäert fir de Film nees mam Produzent Jerry Bruckheimer zesummeschaffen.

Den éischten “Top Gun"‑Film koum 1986 an d’Kinoen. Trotz gemëschte Kriticke gouf de Film e grousse Publikumserfolleg an huet dem Tom Cruise zum Duerchbroch als Superstar verhollef. D’Fortsetzung “Top Gun: Maverick” huet 2022 weltwäit ronn 1,5 Milliarden Dollar agespillt.

Dat war wuel Grond genuch, fir eng weider Suite vun Top Gun ze produzéieren.

Back to Top
CIM LOGO