Intim, éierlech an ouni FilterChantal Maquet: E staarke Moment tëscht Konscht a Realitéit

Philippe Dondelinger
Am Theater um Fëschmaart weist d'Kënschtlerin Chantal Maquet an enger neier Aarbecht eng intim a perséinlech Säit, déi hire Kampf géint de Kriibs reflektéiert.

Am Theater um Fëschmaart weist d’Kënschtlerin Chantal Maquet sech vun enger ganz perséinlecher Säit. An engem klenge Video gesäit een hatt, wéi et sech raséiert – eng Handlung, déi op den éischte Bléck banal wierkt, mee hei eng déif Bedeitung kritt.

D’Biller sinn intim, éierlech an ouni Filter. Si erënneren un eng Zäit, an där d’Kënschtlerin géint de Kriibs gekämpft huet – eng Zäit, déi vill Spueren hannerlooss huet, net nëmme physesch, mee och emotional.

Mat dësem Wierk mécht d’Chantal Maquet net nëmmen op hir eege Geschicht opmierksam, mee och op ‘Realitéit vu ville Betraffenen. Et ass Konscht, déi beréiert – well se näischt verstoppt.

Back to Top
CIM LOGO