
Wéi gewinnt wäert um Virowend vun Nationalfeierdag um Glacis alles am Zeeche vun der elektronescher Musek stoe mat ënnert anerem internationalen DJ’e wéi dem Alesso, Nicky Romero, MATTN an NoraEnPure. Op Nationalfeierdag selwer ass den Headliner mat OneRepublic jo scho bekannt gewiescht, do dernieft wäert och de Lëtzebuerger Pop-Dance-Artist Oke optrieden.
Tëscht 15.000 an 30.000 Leit waren déi lescht Joren um CitySounds an d’Concerte wäerten den 22. Juni viraussiichtlech bis 2 Auer Moies daueren.