Abtei Neimënster19. Editioun vum Festival "Printemps des Poètes"

Isabelle Gillen
Vum 17. bis 19. Abrëll ass an der Abtei Neimënster déi 19. Editioun vum "Printemps des Poètes", engem Literaturfestival, dee sech ganz ëm d'Konscht vun der Poesie dréint.
© neimënster

Wéi op der Pressekonferenz vum 24. Mäerz matgedeelt gouf, ass de Slogan vun dëser Editioun “La Liberté. Force vive, déployée”. D’Fräiheet vun de Mënschen op der Welt, ma awer och d’Fräiheet vun der Konscht stinn also dëst Joer an der Abtei Neimënster am Mëttelpunkt. Um Festival sinn all Aarte vu Poesie erlaabt a soumat sinn der Kreativitéit vun den insgesamt 11 bedeelegten Auteure keng Grenze gesat.

De “Printemps des Poètes” gëtt a Partnerschaft mam Kulturministère, deene verschiddenen Ambassaden zu Lëtzebuerg an ënnert anerem dem Cercle Cité, neimënster an der Galerie Simoncini organiséiert. De Projet gouf am Joer 2008 vun der Associatioun Printemps des Poètes zu Lëtzebuerg an d’Liewe geruff, inspiréiert sech awer deels un där am Joer 1999 vum fréiere franséische Kulturminister Jack Lang kreéierter Versioun, déi och nach bis haut organiséiert gëtt.

Et kann ee sech op e Weekend voller Liesungen, Debatten, Musek a weidere literareschen Aktivitéite freeën. Mat dobäi sinn dëst Joer nees Auteuren aus der ganzer Welt, déi hir nei an al Wierker fir de Public presentéieren. D’Entrée op de Festival ass gratis.

Hei en Iwwerbléck mat all den Auteuren:

  • Anja Bachl (Éisträich)
  • José Carlos Barros (Portugal)
  • Maddalena Bergamin (Italien)
  • Moya Cannon (Irland)
  • Laia Carbonell (Katalounien/Spuenien)
  • Carla Friebe (Spuenien)
  • Petr Hruška (Tschechien)
  • Zuzana Husárová (Slowakei)
  • Etienne Paulin (Frankräich)
  • Nathalie Ronvaux (Lëtzebuerg)
  • Szabina Ughy (Ungarn)
Back to Top
CIM LOGO